Dréchent: Wéi vill Reen ass bis de Mëttwoch ze erwaarden?

Obwuel et de Moment net all ze vill reent, gëtt de Reen en ëmmer méi grousst Thema. E gëtt dréngend gebraucht, mee ass aktuell héchstens a Form vun enger lokaler Schauer oder engem lokale Wieder ze kréien.

Et ass de Moment immens schwéier, eng Prognos zu de Reequantitéiten ze maachen. Déi Quantitéiten, déi berechent ginn, gi meeschtens just vu lokalen Donnerwieder aus. All Modell rechent d’Plaz vun der Entstéiung vu Wiederen awer bëssen anescht, wouduerch et schonn erëm zu gréisseren Differenze kënnt. Mat dobäi kënnt, dass kee wierklech soe kann, wou genee et demnächst naass gi wäert a wou net. Et ass sou, wéi wann een erausfanne wéilt, wou am Kachdëppen déi éischt Loftblos eropkënnt.

Hei da mol, wat sou vun de Modeller gerechent gëtt. Fänke mir mam amerikanesche GFS un, dee mat enger gréisserer Spaan dohier kënnt. Tëscht 10 a 27 l/m² sollen erofkomme, mee dat och net flächendeckend. Plazeweis sinn d’Wäerter vill méi niddreg, mee well de Modell net esou héichopléisend ass, gesäit et éischter no groussflächegen op mannst 10 l/m² aus. D’Wouerecht ass awer déi, dass op mannste Plazen dës Quantitéite fale wäerten. Iwwerhuele mir d’Wäerter awer genee esou, wéi se berechent ginn, da soll am äusserste Norde vum Land am meeschte Reen erofkommen. En zweete méi naasse Punkt ass den Osten an der Muselgéigend. Déi dréchenst Plaz soll de Südweste vum Land sinn.

Den europäeschen ECMWF rechent mat 2 bis 9 l/m². Déi dréchenst a naasst Punkte si ganz ongläichméisseg an zoufälleg verdeelt, et kann een doriwwer also keng wierklech Ausso treffen. Dës Quantitéite si, genee wéi beim GFS, d’Resultat vu lokale Schaueren a Wiederen. Dowéinst wäert erëm net jiddereen eppes dovu matkréien.

De franséischen ARPEGE ass mat 5 bis 9 l/m², d’Muster ass dat selwecht. Wou dat meescht/dat mannst erofkënnt ass puren Zoufall.

Dee Modell deen erausstécht ass den däitschen ICON. Dësen hieft sech vun all den aneren ausgesichte Modeller of, well et den eenzegen ass, dee nëmme geréng Quantitéite rechent. Tëscht 0 an 1 l/m² gi berechent.

Fazit: triede keng lokal Schauer an Donnerwieder op, da kéint et a Saache Reequantitéiten a Richtung ARPEGE oder AROME goen (groussflächeg gesinn). Just punktuell si mol gréisser Quantitéiten dran, déi z.B vum amerikanesche GFS berechent ginn.