D’Reequantitéiten: Haut nach zäitweis naass, Reen vu muer u méi rar

Haut um Mëttwoch ass mol nach mat e puer Schaueren ze rechnen. Vu muer u ginn dës awer zimmlech rar.

Duerch stabilen Héichdrockafloss ëmmer manner oft naass

Wéi an den detailléierte Wiederprognosen ugekënnegt, hu mir et haut um Mëttwoch mat engem Iwwergangsdag ze dinn. Vu muer un, also dem Donneschde, gerode mir ënner méi stabilen Héichdrockafloss, wouduerch d’Warscheinlechkeet vu Schauere staark zréckgoe wäert. Wann et zu Reen kënnt, dann also am warscheinlechsten haut nach.


D’Reequantitéite bis de Freiden inclus, berechent vum europäeschen ECMWF | Grafik: wxcharts.com

An enger Period vun elo un bis de Freiden inclus berechent den amerikanesche GFS am ganzen tëscht 0,5 an 2 l/m² Reen, woubäi laanscht den Oste vum Land am meeschten erofkomme soll. Den europäeschen ECMWF ass mat 0,5 bis 3 l/m² dobäi a gesäit de meeschte Reen laanscht de Norde resp. och de Nordoste vum Land. Hannendru kënnt de franséischen ARPEGE deen mat tëscht 0,5 an 3 l/m² dobäi ass – “Schwéierpunkt” äusserste Norden. Zu gudder lescht hu mir dann och nach den däitschen ICON; deen tëscht 0,2 an 1 l/m² berechent. Vun der Verdeelung hier si mir d’selwecht ënnerwee wéi den ECMWF – also laanscht de Norden & Nordosten.

Fazit

Wann een d’Moyenne vun de véier ausgesichte Modeller hëlt, da komme mir bei tëscht 0,425 an 2,25 l/m² eraus. Dat meescht dovu soll, wéi gesot, besonnesch haut schonn erofkomme. Vu muer u gi Schliet zimmlech rar.