Dubai: Iwwerschwemmungen & déi Saach mam “Cloud Seeding”

An Dubai sinn an Zäit vu 24 Stonnen deels iwwer 150 l/m² Reen erofkomm – esouvill wéi ni zanter Opzeechnungsufank! Huet hire “Cloud Seeding”-Programm wierklech eng Roll gespillt?

Advertisement

Erëm massiv Iwwerschwemmungen an den Emiraten

Fir d’lescht hate mir den 13. Februar iwwer markant Iwwerschwemmungen an Dubai esouwéi och Ëmgéigend beriicht. D’Waasser stung héich an de Stroossen an et ass net méi vill gaangen. Gëschter, de 16. Abrëll, sinn erëm änlech Biller opgedaucht. Nieft dem ville Reen a grousse Waassermassen an de Stroosse gouf et awer och Schued duerch Stuerm esouwéi awer och gréisser Knëppelsteng.

An Tëschenzäit gi Stëmmen haart, dass de “Cloud Seeding”-Programm vun de Vereenegten Emiraten gänzlech un dësem katastrophale Wieder Schold wier, duerch dat Leit blesséiert goufen. Doudesfäll gouf et och. Mee ass dat wierklech esou?

Wat ass “Cloud Seeding”?

D’Iddi vum Cloud Seeding ass déi, de Reen aus schonn entstanene Wolleken éischter ofreenen ze loossen. Dobäi ginn duerch speziell Fligeren zousätzlech Kondensatiounskären, wéi beispillsweis duerch Silberiodid, an d’Wolleken ofgeloss. Esou reechere sech weider Drëpsen un schonn existenten Drëpsen un, se gi méi schwéier afalen doduerch éischter op de Buedem. Dat kann ee beispillsweis mat enger Fënster vergläichen, déi voll mat Waasserdrëppsen ass. Kënnt vun uewen eng kleng Waasserdrëps anere Waasserdrëpse méi no, da ginn dës mat zu enger eenzeger Drëps absorbéiert. D’Drëps leeft elo nach méi séier d’Fënster erof.


Virgoensweis vu Cloud Seeding

Déi selwecht Manéier gëtt och beispillsweis am Südweste vun Däitschland benotzt, fir de Risiko vu grousse Knëppelsteng kleng ze halen. Wa sech Wolleken éischter ofreenen, da kënnt et theoretesch net mol esouwäit, dass dorauser grouss Knëppelsteng kënnen entstoen. Ob den Agrëff vun dësen “Hagelflieger” tatsächlech en Effekt huet, kann awer net richteg nogewise ginn. Wat ass nämlech, wann d’Donnerwieder sech, nodeems de Fliger duerchgeflunn ass, souwisou aus natierleche Grënn ofgeschwächt huet (an dem Sënn, dass de Risk vu grousse Knëppelsteng souwisou zréckgaange wier)? Änlech Bedenke ginn et och beim Zil, et einfach nëmmen éischter reenen ze loossen.

Dat kléngt jo dann dono, wéi wann een eist Wieder tatsächlech awer kéint manipuléieren. Jein! Et ass machbar, wéi schonn gesot, bei schonn existente grousse Wolleken oder Schaueren dofir ze suergen, dass op klengem Raum e minimalen Agrëff méiglech ass. Et ass awer net méiglech, aus engem bloen Himmel eraus e risege Stuerm ze generéieren, deen dann am Stil Dubai fir grousse Schued suergt. Genee esou wéineg ass et méiglech, op grousser Fläch fir e noweislechen a groussen Effekt ze suergen. Mir Mënschen tendéieren dozou, gréisstewahnsinneg ze sinn. Mee et gi Saachen, déi wäerte mir ni kënne komplett kontrolléieren. An dësem Fall ass dat och gutt esou.

Wat huet sech dann elo zu Dubai gedoen?

D’Onwieder, wat iwwer Dubai ewechgezunn ass, war e groussen Donnerwiederkomplex. E koum aus Saudi Arabien an huet am Oman fir grousse Schued a leider och 18 Doudesaffer gesuergt. Dat net nëmmen duerch den extreeme Reen, mee och, wéi schonn gesot, duerch grouss Knëppelsteng a Stuermstéiss.

Schonn eng Zäit am Viraus war ze gesinn, dass et och an Dubai zu Onwieder kéim. Gutt een Dag virdrun war an de Wiedermodeller schonn ze gesinn, dass tëscht 120 an deels iwwer 200 l/m² berechent ginn. Computermodeller wësse näischt iwwert den Asaz vu Cloud Seeding-Fligeren, hunn d’Reequantitéiten awer korrekt ageschat.


D’Berechnunge vum Dag virdrun fir Dubai | Grafik: Kachelmannwetter via Janek Zimmer op X

D’Onwieder koum also aus engem Gebitt, wat ausserhalb vum Fluchraum vun Dubai louch. Zousätzlech gouf et Modeller, déi den Zenario wäit am Viraus berechent hunn. Wat nach dobäi kënnt ass, dass et zu dësem Zäitpunkt och eng gréisser Konzentratioun u Saharastëbs an der Géigend gouf, wat op natierlech Aart a Weis fir méi Kondensatiounskären an der Loftmass suergt.

Doraus huele mir also mat, dass wann Cloud Seeding en Afloss hat, e just minimal war. De Reen wier sou oder sou komm.

Cloud Seeding huet iwweregens näischt mat “Chemtrails” ze dinn – well déi existéiere nämlech net.