Duerch Stuerm bei britteschen Inselen: Weidere Wiermt-Virstouss méiglech

Am Laf vun der Woch stellt sech méiglecherweis eng Wiederlag zesummen, duerch déi erëm kuerz 30 Grad oder méi kënnen erreecht ginn.

Hierschtstuerm ass den Ausléiser

D’Wiedermodeller ECMWF a GFS si sech driwwer eenz, dass sech Enn dëser Woch oder Ufanks der nächster Woch e Stuermdéif knapp südlech vun de britteschen Insele forméiere wäert. Dëst Stuermdéif kann dann duerch seng Dréiung géint d’Auer als riseg Wiermt-Schëpp agéieren, déi eis op ee Neits waarm bis héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiere kann. Ënnerstëtzt gëtt dës Konstellatioun vun engem Héichdrockgebitt, wat zu dësem Zäitpunkt ëstlech vun Däitschland leie soll.


Déi momentan simuléiert Situatioun fir an ongeféier enger Woch | Grafik: wxcharts.com

Aus aktueller Siicht gesi klammen eis Temperaturen de Sonnden zu Lëtzebuerg erëm op tëscht 25 a 29 Grad, de Méinde sollen et 26 bis 30 Grad sinn. Sollt et dem ECMWF nogoen, da kënne sech dës oder liicht méi héich Wäerter nach bis den Dënschden inclus halen.

Haalt awer am Hannerkapp, dass d’Situatioun nach net an dréchenen Dicher ass. D’Entwécklung vum Stuermdéif ass zimmlech warscheinlech, mee ob mir dann genee ënnert déi waarm Loftstréimung kommen, ass nach e bësse méi onsécher. Den aktuellen Trend gesäit awer op mannst méi waarm aus wéi et de Moment ass.