DWD mellt: 2023 war fir Däitschland dat wäermst Joer zanter op d’mannst 1881

Den Däitsche Wiederdéngscht (DWD) huet bekanntginn, dass d’Joer 2023 definitiv an d’Geschichtsbicher ageet. Och global gesinn ass dëse Fazit ze erwaarden.

Advertisement

Advertisement

Neie Negativrekord fir eis däitsch Noperen

All Joer kuerz viru Silvester gëtt den Däitsche Wiederdéngscht seng Statistike bekannt. An dëse geet ervir, dass d’Joer 2023 dat wäermst Joer zanter méi wéi 140 Joer ass. Och global gesinn ass d’Joer 2023 um “beschte Wee”, dat wäermst zanter Opzeechnungsufank ze ginn.

D’Joer ass nach net komplett eriwwer, mee vill doe ka sech net méi: Hëlt een déi bis elo gemoossen Donnéeën an et schléisst een d’Prognosen fir de Rescht vum Joer mat an, da kann een dovun ausgoen, dass d’Duerchschnëttstemperatur an Däitschland fir dëst Joer bei 10,6°C erauskënnt. D’lescht Joer louch se bei 10,5°C, den ale Rekord gëtt also nëmme knapp iwwertraff. Bis elo waren d’Joren 2018 an 2022 déi wäermst däitsch Joren.

Dëse Fazit kënnt net besonnesch iwwerraschend: Schonn am November hat den DWD virausgesot, dass d’Joer 2023 um Wee wier, dat wàermst ze ginn. Virun allem wärend dem meteorologeschen Hierscht, deen wärend de Méint September, Oktober a November stattfënnt, louch d’Temperaturmoyenne bei 11,5°C – esou héich wéi nach ni fir dës Period.

Global gesinn war de Summer mat de Méint Juni bis August déi wäermst zanter Opzeechnungsufank. Och den Oktober huet a ville Länner nei Rekorder bruecht. D’Fro, ob d’1,5°C, wéi vum Paräiser Ofkommes festgehalen, kënnen agehale ginn, däerf ugezweiwelt ginn. Geet et esou weider wéi elo, da wier bis d’Joer 2100 mat enger Erwiermung vun 2,5 bis hin zu 2,9°C ze rechnen, an dat hätt immens grouss Konsequenzen.