D’Weekendwieder: Besonnesch muer um Samsde Schauere méiglech

De Weekend iwwer gëtt et zäitweis e Stéck méi onbestänneg.

D’Grousswiederlag

E grousst Déifdrockgebitt kënnt vun de britteschen Inselen hier bis virun d’Küst vu Frankräich erofgezunn, den Déifdrockafloss bei eis heiheem hëlt also och zou. Besonnesch e Samsde wäerte mir dat mierken, d’Modeller rechne nämlech mat enger ganzer Partie Wolleken an och der Warscheinlechkeet vu Schaueren oder engem kuerzen Donnerwieder.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Samsden, 03. September 2022

De Samsdemoie starte mir mat den éischte méi décke Wolleken an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad. Et besteet schonn eng gewëss Warscheinlechkeet vu Schaueren oder och mol vun engem Donnerwieder. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op tëscht 16 a 19 Grad erop, et gëtt keng gréisser Ännerung. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 20 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Trotz ville Wolleke kann d’Sonn sech och mol dotëscht weisen, et besteet weiderhin eng Schauerwarscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg.

Sonnden, 04. September 2022

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad. Eenzel Niwwelfelder kënne virkommen. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht 17 an 21 Grad erop, d’Sonn kritt sech duerchgesat. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 24 a 27 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 14 a 17 Grad zréck, den Himmel ass kloer.