
Dat fir eis relevant Déif läit momentan schonn iwwer Polen a wäert sech nach weider a Richtung Osten verlageren, iwwerdeems sech vun de britteschen Inselen aus héije Loftdrock iwwert eis breetmécht.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Vum Samschden un gräift e kräftegt Héichdrockgebitt vun de britteschen Inselen aus op eise Kontinent iwwer, iwwerdeems d’Déif, wat an de leschten Deeg fir d’Abrëllswieder gesuergt huet, iwwer Osteuropa ukënnt.
Bis e Sonnde verstäerkt sech den Héichdrockafloss nach weider a wäert eis och nach an der neier Wiederwoch beschäftegen.

Et kann ee sech also elo schonn drop astellen, dass eis, ausser héchstens e bësse Gefisems duerch Niwwel, keng Nidderschléi ustinn.
De Verlaf
Fir muer um Samschde ginn et Unzeechen dofir, dass de Niwwel an och d’Wollekefelder nach en Tick méi zéi kéinten ausfalen, wat net déi bescht Bedingunge fir sonnegt Wieder sinn. Déi héchst Warscheinlechkeet, dass et da mol klappt, hu mir vum spéidere Nomëtten un. D’Temperature packen et op 3 bis 7 Grad. E Sonnde si natierlech och nach där Niwwelfelder méiglech, mee de Gros vun de Modeller schätzt d’Chance, dass e sech méi fréi opléist, méi optimistesch an. Klappt alles, dann erwaart eis e richteg frëndlechen a sonnegen Dag, un dem et och net reent. Bei 7 bis 10 Grad ass et och net wierklech kal.
Och wann et dagsiwwer méi mëll gëtt, hu mir et an de Nuechten awer erëm mat Minuswäerter ze dinn. An dëser Nuecht a muer de Moie fréi kënnen tëscht -2 an 3 Grad gemooss ginn, an der Nuecht op e Sonnden an e Sonndemoie sollen et tëscht -2 a 0 Grad sinn. Duerch Nätzt déi fréiert ass et also net ganz onméiglech, dass et punktuell mol ka glat ginn.
Wat déi nächst Woch betrëfft, gesäit et momentan mol dono aus, wéi wa sech den Trend mol nach bis op d’mannst e Freide kéint duerchsetzen. Méi dozou awer an engem separaten Artikel.