D’Weekendwieder: Déiwe Loftdrock huet d’Iwwerhand

De Weekend iwwer bleift et wiederhi liicht hierschtlech.

D’Grousswiederlag

En Déifdrockgebitt wat vun der Nordséi hier a Richtung BeNeLux zitt bestëmmt eist Wieder bis de Samsden inclus. Et ass mat onbestännegem Wieder ze rechnen, dat a Form vu ville Wolleken a Schaueren. Eenzel sonneg Momenter sinn awer och méiglech. De Sonnden hëlt den Héichdrockafloss erëm zou, et gëtt also e Stéck besser wéi an den Deeg virdrun.


D’Loftmassentemperatur iwwert de Weekend | Grafik: wxchats.com

De Verlaf

Freiden, 09. September 2022

Haut um Freide si vill Wolleken ënnerwee, dobäi ass ëmmer erëm mat enger Schauer ze rechnen. Am Nomëtten, an haaptsächlech a Richtung Owend, besteet och mol de Risk vun engem vereenzelten Donnerwieder. Dobäi ka mol Staarkreen optrieden, wat awer net groussflächeg de Fall sollt sinn. D’Temperaturen erreechen am Nomëtten e Maximum vun tëscht 15 an 18 Grad. Den Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 15 Grad zréck. D’Schauerwarscheinlechkeet geet nëmme gemittlech zréck.

Samsden, 10. September 2022

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, et ass mat Schaueren ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 12 a 15 Grad erop. Et bleift zimmlech bedeckt an d’Reewarscheinlechkeet bleift eis erhalen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 a 19 Grad ze erwaarden. De Wand bléist zäitweis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift zimmlech wollekeg, et ass weiderhi mat Schaueren ze rechnen. A Richtung Owend a Nuecht gëtt d’Aktivitéit manner, d’Temperature ginn op tëscht 12 a 14 Grad zréck, trotz Wolleke sollt et gréisstendeels dréche bleiwen.

Sonnden, 11. September 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, et bleift awer dréchen. Eenzel Niwwelfelder si méiglech. D’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 17 Grad erop. Et bleift en Tick méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 25 Grad ze erwaarden, et gëtt ëmmer manner wollekeg an d’Sonn ka sech no a no besser duerchsetzen. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, et zéien e puer eenzel Wolleken duerch.