D’Weekendwieder: D’Héichdrockwieder kënnt zréck op Lëtzebuerg

De Weekend iwwer leie mir ënner Héichdrockafloss, wat sech an der nächster Woch awer erëm ännere wäert.

Grousswiederlag

Héije Loftdrock mécht sech de Weekend iwwer vun de britteschen Inselen hier iwwert eis breet, wat awer net vun all ze laanger Dauer ass. Schonn fir d’nächst Woch deiten d’Modeller un, dass et zu enger méi turbulenter Westwiederlag komme kéint.

Freiden, 05. Mäerz 2021

De Freidemoien ass et nach oft staark wollekeg, eenzel schwaach Nidderschléi si bei -1 bis 3 Grad net ausgeschloss. Besonnesch op de Koppe sinn eenzel Flacken tëscht de lokale Nidderschléi net onméiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 1 bis 4 Grad erop, et bleift nach gréisstendeels wollekeg a schwaach Nidderschléi sinn ëmmer nach méiglech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 7 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h dobäi. Et gëtt ëmmer manner wollekeg, d’Sonn kritt sech no a no besser duerchgesat. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -4 a -2 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.


Eng kuerzzäiteg Héichdrockbréck zeechent sech fir de Weekend of | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 06. Mäerz 2021

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht -4 a -2 Grad a klammen am Virmëtten op -1 bis 1 Grad erop. Et bleift sonneg, mee kill. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h dobäi. D’Sonn huet d’Iwwerhand, et ass schéi frëndlech an dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -3 a -5 Grad zréck, glat Stroosse si lokal net ausgeschloss. Den Himmel ass kloer.

Sonnden, 07. Mäerz 2021

De Sonndemoien ass et erëm gréisstendeels sonneg, virausgesat de Niwwel stéiert net. D’Temperature leien tëscht -2 a -4 Grad a klammen am Virmëtten op 1 bis 3 Grad erop. Et bleift frëndlech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee, d’Sonn ass ëmmer nach do. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -4 a -1 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.