D’Weekendwieder: D’Sonn an d’Temperature genéissen

D’Temperature sinn zwar ënnerduerchschnëttlech fir d’Joreszäit, mee genéisst se awer trotzdeem.

Advertisement

D’Grousswiederlag

E gutt Stéck südlech vu Lëtzebuerg, op enger Sträif vu Südfrankräich bis an den Alperaum an och Deeler vu Süddäitschland eran, zitt sech eng Loftmassegrenz.


D’Wiederlag iwwer Mëtteleuropa fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Dës beaflosst eis awer éischter manner, esoudass mir weiderhin “tëscht de Still” leien. Mir kommen esouguer zimmlech gutt ewech, de Weekend gëtt nämlech e frëndlechen. Et bleift awer net esou.

De Verlaf

Haut um Freide war et duerch vill Sonn och schonn richteg frëndlech. D’Temperaturen hunn et hei zu Bauschelt op e Maximum vun 20,5°C gepackt, am Wiederstatiounsnetz vu Kachelmannwetter ass et punktuell fir bal 23°C duergaangen. Summerlech, mee ëmmer nach kee meteorologesche Summerwäert – déi ginn et nämlech eréischt vu 25°C un.

Muer um Samsden erwaarden eis mat 18 bis 22°C nach eng Kéier änlech Wäerter, iwwerdeems kommen am Laf vum Dag e puer Wolleken dobäi. D’Schauerwarscheinlechkeet ass awer just minimal, se gëtt also dohier keen Thema. E Sonnden kënnen och schonn méi kompakt Wolleken opdauchen, mee dat huet ëmmer nach näischt ze soen. D’Temperature si nach bei 17 bis 20 Grad ënnerwee.

An der neier Woch starte mir viraussiichtlech nach eng Kéier frëndlech, ier et am Laf vum Méindenomëtten eenzelne Modeller no fir e bësse Reen kann duergoen. Déi eigentlech relevant Reewarscheinlechkeet soll awer eréischt ronderëmt de Mëttwoch an d’Luucht goen.