D’Weekendwieder: Et gëtt sonneg a summerlech

No engem Kalfrontduerchgang um Freide kënne mir eis op e flotte Weekend mat Sonn a summerlechen Temperature freeën.

Freiden, 01. Juli 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 13 an 18 Grad erop. Eng lokal Schauer ass net ganz onméiglech, dat selwecht gëllt fir Niwwelfelder. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist liicht spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, am fréie Nomëtte besteet nach eng minimal Schauerwarscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 9 an 13 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg.

Samsden, 02. Juli 2022

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 an 21 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 27 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. D’Sonn bleift. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, den Himmel ass ëmmer nach kloer.

Sonnden, 03. Juli 2022

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, lokal si Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 22 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 21 a 27 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et zéien héchstens e puer kleng an harmlos Wolleken duerch, et bleift awer dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, den Himmel ass ëmmer nach gréisstendeels kloer.