D’Weekendwieder: Fraschteg Nuechten a Moienter, dagsiwwer Niwwel-Lotto

Och de Weekend iwwer wäert den Héichdrockafloss eis ëmmer nach am Grëff hunn – d’Chancen op sonneg Momenter variiéieren allerdéngs.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Muer an iwwermuer huet ëmmer nach e kräftegt Héichdrockgebitt d’Iwwerhand. D’Kären dovu leien engersäits iwwert dem westlechen Alperaum, anerersäits läit awer nach e weidere Kär net wäit vun den Azoren ewech. Mir mussen eis dëse Weekend also weiderhi net vill Suergen ëm méigleche Reen oder Schnéi maachen – et bleift zimmlech roueg.

D’Sonn muss sech weiderhin duerchkämpfen

Haut a gëschter um Donneschden huet et jo ganz gutt mat eiser Sonn geklappt, déi sech zimmlech séier géint de Niwwel konnt duerchsetzen. Muer um Samschde ginn et zwar nach reell Chancen dofir, allerdéngs si se net méi grad esou héich. Fir d’éischt wäerten awer déi niddereg Fréitemperature spierbar sinn, déi viraussiichtlech tëscht -6 a 0 Grad wäerte leien. Huet sech d’Sonn bis an de fréie Nomëtten era net gewisen, da gesäit et wuel éichter schlecht aus.


Den Temperaturverlaf laut ARPEGE-Modell | Animatioun: wxcharts.com

An der Nuecht op e Sonnde killt et op e Neits markant of, tëscht -5 a -1 Grad sinn ze erwaarden. Den Himmel ass kloer bis hin zu dréif duerch méiglech Niwwelfelder. Am Dag ginn e Sonnden tëscht -1 an 1 Grad erreecht, tendenziell soll den Himmel zou bleiwen. Mir mussen also erëm d’Daumen drécken, dass eis awer nach e liicht besseren Zenario bereetgeluecht gëtt.

Den Héichdrockafloss wäert nach bis e Mëttwoch, also den Dag vu Silvester, seng Fanger am Spill hunn. Duerno kënnt erëm Beweegung an d’Geschicht, iwwert déi mir gëschter eng Aschätzung ofginn hunn. Muer kënnt en Update dozou.