D’Weekendwieder: Héije Loftdrock dréckt sech erëm duerch

Iwwerdeems um Freide mat vill Chance mol nach déi eng oder aner ganz lokal begrenzt Schauer optriede kann, geet d'Warscheinlechkeet dofir de Weekend selwer erëm zréck.

D’Grousswiederlag

De Freiden hu mir et mol nach mat liichtem Déifdrockafloss ze dinn. Dat hu mir engem Déif ze verdanken, wat mat sengem Kär iwwer Island läit. D’Waarmfront dovu läit an Tëschenzäit iwwert eisem Ländchen, iwwerdeems d’Kalfront nach iwwert dem westleche Frankräich an och dem Ärmelkanal verweilt. Déi eenzeg Chance op Reen läit also do – hoffe mir also, dass de Reen un dëser Front bis op Lëtzebuerg duerchhält.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

E weidere Beräich mat déiwem Loftdrock läit iwwert dem Alperaum esouwéi och laanscht déi däitsch-tschechesch an däitsch-polnesch Grenz. Do gi sech bis de Samsden deels gréisser Reenzommen erwaart, haaptsächlech iwwert dem Südoste vun Däitschland an och Deeler vun Éisträich soll dat de Fall sinn. En Artikel dozou fannt Dir hei.

De Verlaf

Konkret heescht dat elo, dass eis duerch d’Kalfront, déi de Moment nach iwwert dem westleche Frankräich läit, am Laf vum Owend nach e puer Schaueren erreeche kënnen. D’Signaler sinn awer nëmme schwaach, wat bedeit, dass et wuel erëm net iwwerall fir Reen duergoe wäert. Hoffe mir also, dass de Maximum aus der Situatioun ka gemaach ginn.

Muer um Samsdemoien ass d’Front duerch a läit iwwert der Westhallschent vun Däitschland. Hannendrun dréckt direkt en Héichdrockgebitt eran, duerch dat et am Laf vum Dag ëmmer manner wollekeg wäert ginn. D’Sonn kënnt sech also erëm méi oft weisen, d’Temperaturen hale sech dobäi awer a Grenzen. Bei 22 bis 25 Grad ass et agréabel waarm.

Och de Sonnde geet et frëndlech virun, eréischt vum spéideren Owend u kommen aus Westen erëm deels méi kompakt Wolleken eragezunn. Reene sollt et awer normalerweis net, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 21 a 25 Grad.

Nuechte fale méi kill aus

Dass mir a klenge Schrëtt awer a Richtung Hierscht ginn, weisen eis Nuetstemperaturen. Fir d’Nuecht op de Samsde gesinn d’Wiedermodeller haaptsächlech an der Nordhallschent vum Land Minimalwäerter vu bis ëm 13 Grad, wat och an engem Summer mol normal ass. Manner waarm gëtt et dann an der Nuecht op de Sonnden, wou besonnesch an den Däller Wäerter vun ëm 7 Grad kënnen erreecht ginn. Dëst géif sech net nëmmen op de Norde begrenzen, mee och op aner Däller a Verdéiwungen am Rescht vum Land.