D’Weekendwieder: Héije Loftdrock kënnt e Sonndenowend un d’Wackelen

De Weekend iwwer gëtt et weiderhi guer net mol esou schlecht a Reen ass rar. Zumools d’Nuecht op e Samschde gëtt doduerch awer och eng kill.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Moment leie mir ënnert dem Afloss vun engem Héichdrockgebitt, wat sech mat engem vu senge Kären iwwert der Nordséi befënnt. Weider schwaach Käre fanne sech iwwert dem äusserste Süde vu Frankräich esouwéi och südwestlech vu Portugal. Bis e Samschde verlagert sech d’Héichdrockgebitt weider a Richtung Osten a läit domat matten iwwert eis, iwwerdeems vu Westen hier awer schonn erëm en Déifdrockgebitt erandréckt. Dofir spiere mir awer nach näischt.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Am Laf vum Sonnde gëtt den héije Loftdrock a Richtung Mëttelmier esouwéi och Ostséi verdrängt, aus Westen kënnt den ugeschwaten Déifdrockafloss méi no a wäert no a no fir en Ëmschwong suergen. Den eigentlechen Impakt mierke mir awer haaptsächlech eréischt e Méinden.

De Verlaf

Haut um Freide wiessele sech Sonn a Wolleken of, de Moien ass/war et nëmme liicht wollekeg bei e puer Niwwelfelder. Et sinn 11 bis 14 Grad als Maximaltemperaturen ze erwaarden, dobäi sollt et an de meeschte Fäll dréche bleiwen. Verschidde Modeller gesinn fir de Nomëtte geréngfügeg Nidderschlagssignaler iwwert dem Land, déi awer keen all ze groussen Impakt wäerten hunn.

Um Samschde starte mir richteg kill an den Dag eran, well et d’Nuecht iwwer wäert opkläeren. Fir déi fréi Moiesstonne stinn tëscht 0 a 4 Grad um Programm, an eenzelnen Däller kann et liicht drënner goen. Soubal sech d’Niwwelfelder opgeléist hunn, erwaart eis e frëndlechen Dag mat Sonn a just e puer harmlose Wolleken. 12 bis 15 Grad ginn ugepeilt. E klengen Tick manner waarm gëtt et e Sonnde mat 10 bis 13 Grad, dobäi gëtt et ëmmer méi wollekeg. Et ass domat ze rechnen, dass spéitstens géint 21 Auer déi éischt Nidderschléi vu Westen hier kënnen opdauchen.

E kuerzen Ausbléck op déi nächst Woch verréit eis, dass d’Schaueren an aner Reegebitter wuel erëm méi heefeg ginn.