D’Weekendwieder: Kee nennenswäerte Reen, dobäi 30 Grad waarm

E weidere summerleche Weekend steet un, iwwerdeems d'Warscheinlechkeet vun enger Schauer leider ëmmer nach minimal ass.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, deen zäitweis mol vu liichtem Déifdrockafloss ka gestéiert ginn. Aus dësem Grond besteet un allen Deeg eng minimal Schauerwarscheinlechkeet, haaptsächlech um Sonnden.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 30. Juli 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 22 Grad erop. Den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 24 an 28 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et kommen e puer Wolleken dobäi, déi sech den Himmel mat der Sonn deelen. Et sollt gréisstendeels dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 14 an 18 Grad zréck, d’Luucht ass kloer bis liicht wollekeg.

Sonnden, 31. Juli 2022

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 17 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 21 a 25 Grad erop. Aus Weste gëtt et méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 25 an 30 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Nieft de méi kompakte Wolleke ka sech d’Sonn ëmmer nach weise kommen, et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 14 a 17 Grad zréck, den Himmel bleift liicht wollekeg bis wollekeg.