D’Weekendwieder: Lues a lues erëm méi onbestänneg a méi kill

De Weekend iwwer gëtt et erëm a klenge Schrëtt méi onbestänneg – och eis Temperature ginn e bëssen zréck.

Freiden, 30. Juli 2021

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, e puer Niwwelfelder kënnen och mol drënner sinn. D’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 18 an 21 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass hu mir et mat schéinen a frëndleche sonnege Momenter ze dinn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 20 a 25 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis stramm aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee. Am fréie Nomëtte kommen e puer Wolleken dobäi, duerch déi et kuerzzäiteg zu ganz lokale Schauere komme kann. Duerno, am weidere Verlaf, hëlt dës Warscheinlechkeet erëm séier of an et geet mat engem Sonn- Wollekemix virun. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, et si just nach e puer eenzel Wolleken ënnerwee. Niwwel ass méiglech, Reen soll éischter keen optrieden.

Samsden, 31. Juli 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis deels méi gro, aus Nordweste komme méi déck Wolleken eragezunn. D’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 19 Grad erop. Et gëtt wuel méi wollekeg, et bleift awer gréisstendeels dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 17 an 22 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Trotz de ville Wolleken déi ënnerwee sinn, ka sech d’Sonn dotëscht weise kommen – an et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et ëmmer manner wollekeg, dat eenzegt wat nach dobäikomme ka si spéiderhin erëm e puer eenzel Niwwelfelder. D’Temperature ginn op tëscht 11 an 13 Grad zréck.

Sonnden, 01. August 2021

De Sonndemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 an 18 Grad erop. Déck Wolleken an eenzel sonneg Momenter wiessle sech of. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 17 an 22 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et gëtt méi wollekeg, et ka méi oft zu Schauere kommen. Och en eenzelt Donnerwieder ka net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 11 an 13 Grad zréck, et ass mat Niwwelfelder ze rechnen. Reene wäert et net.