D’Weekendwieder: Neie Schnéi an de Startlächer

E Frontesystem soll eis schonn um Samsdenowend neie Schnéifall bréngen, deen och méi intensiv ausfale kann.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer bleiwen déi kill a wanterlech Loftmasse bei eis, ier et am Laf vun der nächster Woch erëm lues a lues méi mëll gëtt. Um Samsdenowend gëtt eist Wieder vun héijem Loftdrock iwwert dem ëstlechen Atlantik an héije Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent beaflosst. An der Nuecht op de Sonnde soll eis e Frontesystem passéieren, deen mat engem gréisseren Déifdrockgebitt mat sengem Kär nërdlech vun de britteschen Inselen zesummenhänkt.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 15. Januar 2021

De Moien kann et nach lokal zu eenzelne Nidderschléi kommen, d’Temperature leien tëscht -5 a -2 Grad. A verschiddenen Däller am Norde sinn och Wäerter vun ëm -7 Grad net auszeschléissen. Duerch Nätzt déi gefruer ass besteet ëmmer nach de Risk vu glate Stroossen. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op -4 bis 2 Grad erop, trotz enger Partie Wolleke sollt et dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu -3 bis 2 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Trotz de ville Wolleke sinn dotëscht och mol sonneg Momenter net auszeschléissen, et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op -3 bis -6 Grad zréck, et zéien e puer eenzel Wolleken duerch – och Niwwelfelder si méiglech. Glat Stroosse sinn ze erwaarden.

Samsden, 16. Januar 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, e puer Niwwelfelder sinn ze erwaarden. D’Temperature leien tëscht -6 a -3 Grad a klammen am Virmëtten op -5 bis -2 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass si niewebäi och mol sonneg Momenter net onméiglech. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu -3 bis 0 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Aus Weste gëtt et séier méi wollekeg, et bleift awer nach wäitgoend ouni Nidderschléi. Um Owend an an der Nuecht kënnt aus Westen eng Front eragezunn, déi neie Schnéifall brénge kann. Et ass erëm mat glate Stroossen ze rechnen, d’Temperature ginn op -1 bis -4 Grad zréck.

Détailer zu dëser Wiederlag komme no.

Sonnden, 17. Januar 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, et ass dobäi mat Schnéi a Schnéireen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad a klammen am Virmëtten op -2 bis 0 Grad erop. Et bleift naass, mee duerch déi lues klammend Temperature ginn d’Flacke no a no a Reen iwwer. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 0 bis 2 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift gro, et ass mat méi déckem Niwwel ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 0 bis -3 Grad zréck, et bleift bedeckt duerch Niwwelfelder. Glat Stroosse si méiglech.