D’Weekendwieder: No a no méi wollekeg, Schauerwarscheinlechkeet klëmmt

Haut dominéiert mol nach den héije Loftdrock, wat sech vu muer un awer lues a lues ännert. Un den Temperaturen ännert nach net all ze vill.

Advertisement

En Déifdrockgebitt mëscht sech an

Haut um Freide leie mir nach esou just ënnert enger sougenannter “High over Low”-Wiederlag, déi sech duerch e breeden Héichdrock-Korridor weist, deen sech vun Island aus iwwer Südskandinavie bis op d’Ostséi erstreckt. Südlech dovun, iwwert dem Mëttelmier, läit eng Ketten un Déifdrockgebitter.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Mir leien also weiderhi genee dotëscht, haut awer méi op der Héichdrocksäit. Muer um Samschden beweegt sech vu Portugal a Spuenien hier en Déifdrockgebitt an de Weste vu Frankräich, wat eis heiheem am Laf vum Dag och méi Wolleke bréngt. E Sonnde läit d’Déif iwwer Südengland resp. dem Ärmelkanal an dréckt d’Schauerwarscheinlechkeet zu Lëtzebuerg weider an d’Luucht.

D’Eenzelheeten

Haut um Freiden ass et esouguer en Tick méi frëndlech wéi gëschter – do hate sech jo am spéidere Nomëtte vereenzelt Schaueren an dorënner och e lokaalt Donnerwieder gewisen. Dës Warscheinlechkeet ass haut däitlech méi kleng, et bleift meeschtens sonneg. Bei 19 bis 23 Grad sinn d’Temperaturen an engem agréabele Beräich ënnerwee. An der Nuecht zéien e puer Wolleken duerch, et sollt awer net reenen. Muer um Samschden erwaarden eis weiderhi vill sonneg Passagen, mee et schläiche sech awer och no a no méi Wolleken an d’Land. Haaptsächlech gëtt dat vum spéidere Nomëtten/fréien Owend u bemierkbar, am franséische Grenzgebitt ass d’Schauerwarscheinlechkeet net null. Am Dag ginn 21 bis 24 Grad erreecht.

Den Dag, deen definitiv eng Ännerung ukënnegt, ass de Sonnden: Um Moie kann et wuel nach fir eenzel sonneg Momenter duergoen, ier d’Luucht sech awer zouzitt. D’Sonn kënnt sech also manner weisen, fréistens vum Nomëtten u kënnen aus Westen och déi éischt Schaueren optrieden. Déi meescht Modeller gesinn de Reen eréischt vum Owend oder esouguer der Nuecht op e Méinden un. Dagsiwwer packen d’Temperaturen et nach op 19 bis 23 Grad.