D’Weekendwieder: No Schaueren um Samschden e méi dréchene Sonnden

Dëse Weekend probéiert sech zwar héije Loftdrock duerchzeboxen, gëtt awer vun engem Déif gestéiert. Dëst zitt vun der Nordséi aus eriwwer op d’Ostséi.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Schonn haut um Freide leie mir eigentlech ënner liichtem Héichdrockafloss, an awer koum et bis an de fréie Nomëtten era nach zu lokaale Nidderschléi. Am spéidere Verlaf vum Dag weist den Héichdrockafloss awer e bësse méi Effekt, wat sech muer um Samschden awer erëm ännert. Dat virdrun ugeschwat Déifdrockgebitt zitt vun der Nordséi eriwwer op d’Ostséi.


De viraussiichtleche Verlaf iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Déi gutt Noricht: Schonn e Sonnde leie mir erëm ënner Héichdrockafloss, iwwerdeems d’Déifdrockgebitt de Norde vu Polen erreecht.

De Verlaf

De Rescht vum Freiden ass also domat ze rechnen, dass d’Warscheinlechkeet vu Schauere mol nach eng Zäit laang wäert zréckgoen, iwwerdeems d’Sonn nach e puer Chance kritt. D’Modeller berechnen et zwar e bëssen ënnerschiddlech, mee mat e bësse Chance gëtt dëse manner wollekege Status bis an déi fréi Nuecht era bäigehalen. Stinn d’Konditiounen a Saache Polarliichter dann och ëmmer nach gutt, da kéint een eventuell eppes gesinn. Muer um Samschde gëtt et no a no méi wollekeg, zumools am Nomëtten ass aus der Belsch hier mat Nidderschléi ze rechnen. Dës sollte bis d’Nuecht kënnt awer schonn erëm gréisstendeels duerch sinn.

E Sonnde kréie mir e Mix aus Niwwelfelder a Buedemhéicht esouwéi awer och an den ieweschte Loftschichten. Fir dass sech d’Sonn weise kënnt, mussen déi sech esou gutt et geet opléisen. Et kéint sech also eng 50/50 Situatioun astellen tëscht engem sonnegen an engem méi dréiwe Sonnden.

Um Samschde beweege sech d’Temperaturen am Dag tëscht 10 a 14 Grad, e Sonnde sinn et viraussiichtlech 9 bis 12 Grad. Zumools d’Nuecht op e Samschde ka méi frësch ausfalen, an den Däller kënne Wäerter vun ëm 0 Grad net ausgeschloss ginn.