D’Weekendwieder: Op e Neits Donnerwiederrisk um Samschdenowend

Muer um Samschde gëtt et nach eng Kéier bal héichsummerlech waarm, fläit ass et och déi lescht Kéier fir dëst Joer. Um Owend kënnt erëm e Risk vu punktuell kräftegen Donnerwieder an d’Spill.

Advertisement

Weiderhin Déifdrockgebitt iwwer Westfrankräich

Genee wéi och an der Nuecht op e Freiden wäert erëm dat selwecht Déif, wat aktuell iwwer Westfrankräich läit, muer um Samschdenowend fir de Risk vun deels kräftege Schaueren an Donnerwieder suergen. Bis e Sonndenowend verlagert sech d’Déif weider a Richtung Ärmelkanal a suergt domat och nach dofir, dass eis déi bal héichsummerlech Loftmassen ewechgeholl ginn. E markanten Temperaturréckgang ass d’Konsequenz.

De Verlaf

Muer um Samschde wiessele sech Sonn a Wolleken of, dagsiwwer bleift et gréisstendeels dréchen. Um fréie Moie kënne nach e puer méi zéi Niwwelfelder optrieden. D’Wiedermodeller berechnen en Dagesmaximum vun tëscht 24 a 29°C, domat kraze mir nach eng Kéier un engem meteorologeschen Héichsummerdag. Et ass net ganz auszeschléissen, dass et sech heibäi ëmt de leschten Dag vun dësem Joer handelt, un dem et esou waarm gëtt. D’Summerfrënn ënnert eis sollen also nach eng Kéier richteg profitéieren.


Um Samschdenowend kënnegt sech e Changement un, deen mir e Sonnden duerch däitlech méi niddereg Temperature wäerte spieren

Am Laf vum Owend gëtt et ëmmer méi wollekeg, um spéideren Owend an och am Ufank vun der Nuecht erreecht eis aus Westen eng weider Front, déi vum selwechten Déifdrockgebitt ausgeet, wat an der vergaangener Nuecht schonn fir d’Onrouen verantwortlech war. Zwar ginn d’Intensitéiten tëscht de Modeller erëm zimmlech ënnerschiddlech ageschat, allerdéngs sollt een direkt mol mat punktuellem Staarkreen rechnen. Ob dësen et bis an de warnrelevante Beräich packt, gesi mir leider just kuerzfristeg – denkbar ass et awer. De Risk vu Knëppelsteng a Stuermstéiss schéngen, Stand aktuell, manner héich ze sinn. Dës Info ass fir am Hannerkapp ze halen.

E Sonnde kann et fläit nach ganz fréi am äussersten Osten e bësse naass ginn, duerno wiessele sech Sonn a Wolleken awer of. Duerch d’Verlagerung vum fir eis zoustännegen Déif klammen d’Temperature just nach op tëscht 18 an 23°C, et bleift awer meeschtens dréchen. Eréischt an der Nuecht op e Méinde ka sech en zweeten Déifdrockkär, deen vum virdrun ugeschwaten Déif ausgeet, genee iwwert eis leeë, wat fir eng ganz Partie Schauere géif suergen. Détailer dozou ginn et awer eng aner Kéier.