D’Weekendwieder: Schauer- an Donnerwiederrisk klëmmt

Et gëtt wuel erëm méi waarm, mee dat schonn erëm net fir laang. De meteorologesche Summer ass a geet variabel op en Enn.

Grousswiederlag

Deen Dag, un deem mir am meeschten ënner Héichdrockafloss leien, ass de Freiden. Schonn vum Samsden un hëlt den Afloss of, déiwe Loftdrock gewënnt ëmmer méi un Dominanz. De Risk vu Schaueren an eenzelnen Donnerwieder léisst net laang op séch waarden.

<
De Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 20. August 2021

De Moien ass et kloer bis liicht wollekeg, lokal sinn och Niwwelfelder dobäi. D’Temperature leien tëscht 12 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 bis 19 Grad erop. Et gëtt e bësse méi wollekeg, mee et bleift gréisstendeels dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 19 a 24 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et zéien eng Partie Wolleken duerch, mee d’Sonn ka sech mol nach dotëscht weisen. Et bleift weiderhi meeschtens wollekeg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, den Himmel ass meeschtens kloer.

Samsden, 21. August 2021

De Samsdemoien ass et wollekeg bis niwwleg, d’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 21 Grad erop. Et ännert sech net vill. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 23 an 28 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Süd-Südosten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h dobäi. Den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg, mee dat bleift net fir laang sou. Am spéidere Nomëtte kommen aus Weste lues a lues méi déck Wolleken eragezunn. Um Owend an an der Nuecht klëmmt d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi, haaptsächlech an der Nuecht sinn och mol Wiedere net ausgeschloss. D’Temperature ginn op tëscht 14 a 17 Grad zréck.

Sonnden, 22. August 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, et ass mat liichte Nidderschléi ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 14 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 a 19 Grad erop. Aus Westen zitt weidere Reen eran, den Donnerwiederrisk klëmmt. Mëttes an am Nomëtten ass nach mat 17 bis 21 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et kënnt zu Schaueren an och Donnerwieder. Bei Donnerwieder si Staarkreen, staark Wandstéiss a Knëppelsteng net ausgeschloss. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, et gëtt manner wollekeg an och manner naass.