D’Weekendwieder: Zwar nach zäitweis naass, Chance op sonneg Momenter klëmmt awer

De Weekend iwwer leie mir genee tëscht héijem an déiwem Loftdrock. Et ännert sech also net all ze vill un eisem Wiedergeschéien, an awer klammen d’Chance vu sonnege Momenter.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Elo vum Freide bis de Sonnde verlagert sech dat grousst Héichdrockgebitt, wat sech elo schonn déi ganz Woch iwwer iwwert dem westleche Frankräich opgehalen huet, a Richtung Brittesch Inselen. Duerch dës Beweegung gëtt mol nach heiansdo Plaz gemaach fir Déifdrockausleefer, mee gläichzäiteg ginn och sonneg Momenter erméiglecht. E weideren Afloss huet dëst och op eis Temperaturen, mee dat éischter vum spéidere Sonnden un.

De Verlaf

Haut um Freiden ass et bis ewell meeschtens gro gewiescht, ëmmer erëm kënnt et zu liichtem Nidderschlag a Form vu Fisemreen oder och liichtem Reen. D’Temperature bweege sech de Moment tëscht 6 a 9 Grad a wäerte bis muer de Moie fréi op tëscht 4 a 7 Grad zréckgoen – et steet eis also eng zimmlech waarm Nuecht un. Et ass ëmmer nach mat liichtem Nidderschlag ze rechnen, komplett dréche bleift et also net.

Muer um Samsde geet d’Warscheinlechkeet vun de Nidderschléi schonn lues a lues zréck, am Laf vum Dag kann et tëscht de Wolleken an dem Niwwel och zu eenzelne sonnege Momenter kommen. Eis Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 7 a 9 Grad. E Sonnde si mir bei tëscht 4 a 7 Grad ënnerwee, bis 12 Auer kënnt et nach zu lokale Nidderschléi. Duerno ginn d’Chancen op Opkläerungen an dréche Momenter ëmmer besser.

De Weekend gëtt also keen all ze schlechten, mee mir hunn awer definitiv och besserer gesinn.