D’Wieder fir de LOA Esch de Weekend um Belval

Wa sech méi wéi 10.000 Leit um Belval zesummefannen, da kann dat just eppes heeschen: Et ass erëm LOA Festival! Op wat fir e Wieder ee sech fir de Season Opening kann astelle, kucke mir eis hei un.

Advertisement

D’LOA-Festivalsaison geet un!

Dëse Weekend geet eng weider Editioun vum LOA Festival un de Start! Dëst Joer iwwertreffen se sech erëm selwer a brénge Nimm wéi Will Sparks, Malaa, Blasterjaxx, Regard, CVMPANILE, Goodboys, Juicy M, Medun, Tony Romera & VLTRA op Lëtzebuerg. Wéi üblech si si net op hir spektakulär Mainstage limitéiert, d’Rave Cave ass och erëm op der Plaz. Hir drëtt Stage, op där haaptsächlech Techno opgeluecht gëtt, gëtt dëst Joer a Kooperatioun mam Barrakud Festival aus Kroatien presentéiert – dohier Barrakud Stage.

Et gëtt also erëm villes op d’Ouer – do ass garantéiert fir jiddereen eppes dobäi!

Spillt d’Wieder dann dëst Joer mat?

Dëst ass natierlech eng vun de wichtegste Froen. Mam Bléck op déi aktuell Wiederkaarten sollt de Start e Freiden um 16:00 dréche geléngen, nodeems et virdrun awer nach gereent huet – dat bei 13 Grad. Fir de Rescht vum Dag sollt de Reen dann och keen Thema méi ginn, ronderëm 19 Auer wäerte mir viraussiichtlech bei 12 Grad ënnerwee sinn. Fir de Rescht vum Owend ass den Himmel liicht wollekeg, dobäi sinn et 8 bis 10 Grad.

E Samsden hu mir et fir den Ufank, géint 13 Auer, nach mat e puer Reeschaueren ze dinn. D’Temperature leie bei 13 Grad. Bis an de spéidere Nomëtten/fréien Owend era ka sech dat nach e puer mol widderhuelen, ier d’Warscheinlechkeet fir de Rescht vum Owend, also sou vun +/-19 Auer un, wäert zréckgoen. Hannert de leschte Schauere sinn eenzel Opkläerunge méiglech, d’Temperature beweege sech de ganzen Owend tëscht 9 an 13 Grad.

Fazit

Et erwaarden eis leider net déi héchst Temperaturen, dofir wäert sech de Reen am grousse Ganzen awer a Grenzen halen. Engem feierleche Festival-Weekend also näischt am Wee.