D’Wieder fir de LOA Esch um Belval

D’Waarden huet en Enn: De Weekend ass erëm de LOA, de gréissten EDM Festival zu Lëtzebuerg. Op wéi ee Wieder kann ee sech dann fir de “Season Opening” zu Esch astellen?

Advertisement

De Bass kënnt zréck op Esch!

De LOA Festival gëtt et zanter 2019 a start elo de Weekend an déi nei Saison eran. Um Line-Up sti grouss Nimm wéi ë.A. Bassjackers, Topic, Tchami & Byor a wäerte garantéiert fir eng hëtzeg Atmosphär suergen. Eng vun de gréisste Froen déi ee sech elo stellt ass awer och déi, op d’Wieder de Weekend iwwer matspillt.

Wéi gëtt d’Wieder?

E Freide mécht de Festival seng Dieren um 16 Auer op. Fir dës Auerzäit besteet de momentane Modellrechnunge no eng minimal Warscheinlechkeet vu geréngfügege Nidderschléi. Wann et mol zu Esch fir e bësse Naass duergoe sollt, dann ass dëst awer séier erëm fort – wat d’Zommen ugeet ass näischt nennenswäertes dobäi. Heescht also: Meeschtens wiessele sech Sonn a Wolleken of. D’Temperature leie bei ëm 18 Grad. Um Owend, wou et dann esou richteg lassgeet, bleift et nach méi warscheinlech dréchen. D’Temperature leie nach bei ëm 15 Grad a wäerte sech bis Schluss (0h) net ënner 11 Grad beweegen. Et bleift dréchen an et zéien e puer Wolleken duerch.

Advertisement

E Samsde kann ee schonn vun 13 Auer un vum LOA profitéieren, Sonn a méi kompakt Wolleke wiessele sech of. Géint 16 Auer ännert do net vill drun, et besteet d’Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer. D’Temperature leie bei agréablen 20 Grad. Tëscht 18 an 21 Auer geet d’Schauerwarscheinlechkeet erëm en Tick zréck, mir hunn et mat engem Pak Wolleken a sonnege Momenter ze dinn. D’Temperature pendle sech an där Zäit bei tëscht 15 an 18 Grad an. A Richtung Mëtternuecht/zweet Nuetshallschent rechnen erëm méi Modeller domat, dass d’Schauerwarscheinlechkeet an d’Luucht geet. D’Temperaturen zéie sech op 14 Grad zréck.

Fazit

Dem LOA stinn also agréabel, mee net ze waarm Temperaturen un. Zäitweis kann et mol kuerz bësse naass ginn, mee dat sollt sech och a Grenzen halen. Haaptsächlech si Sonn a Wolleken um Wierk, woubäi mol méi a mol manner décker dobäi sinn.