D’Wieder fir de LOA Festival de Weekend um Kierchbierg

Nom LOA ass virum LOA: No enger spektakulärer Editioun am Mee zu Esch kënnt de Festival de Weekend erëm op de Kierchbierg. Mee op wéi ee Wieder kann ee sech dann fir de “Season Closing” astellen?

3 Stages & déi gréisst Mainstage vum Festival bis ewell

De Weekend däerf ee sech op dräi verschidde Stages um Festival freeën: D’Rave Cave, d’Inferno Stage a natierlech déi bis ewell gréisst Mainstage an der Geschicht vum Luxembourg Open Air. Méi wéi 30 Artisten suerge bis de Samsdenowend spéit fir Partylaun a virun allem vill Bass, dorënner si Main Acts wéi beispillsweis W&W, COONE, GLOCKENBACH, NERVO, DANNY AVILA an de SAM FELDT.

Och vun heiheem sinn DJ’s dobäi, dat si Nimm wéi PINKSPACE, DASIC, FREEZY, FLAVOUR TRIP, MISS SAPPHO, PHILIPPE WEIZEL, RAGNER, ALMIGHTY A, VORTICITY a vill méi.

Elo freet sech natierlech, ob mir de Weekend och nach vum Spéitsummerwieder kënne profitéieren.

Wéi gëtt d’Wieder?

Mam Bléck op d’Wiedermodeller stellt sech eraus, dass de Festival op d’Joreszäit bezunn net vill méi Chance kéint mam Wieder hunn: Fir e Freiden a e Samsden ass den Himmel gréisstendeels kloer, nëmmen heiansdo zéien e puer dënn Schleierwolleken duerch.

Advertisement

Advertisement

An d’Temperaturen? Déi déck Jackett kënne mir definitiv doheem loossen: E Freide gëtt dagesiwwer e Maximum vun 28 Grad erreecht, am Laf vum Owend killt et op 21 Grad of. E Samsden ass mat engem Temperaturmaximum vun tëscht 27 an 30 Grad ze rechnen, am Laf vum Owend killt et erëm nëmme lues of. Géint Mëtternuecht leien d’Wäerter nach bei ëm 20 Grad.