D’Wieder fir de Virowend & Nationalfeierdag selwer

Nodeems wärend dem Mëttwochnomëtte just eng kleng Schauerwarscheinlechkeet besteet, gëtt dës um Nationalfeierdag selwer méi grouss. Och en Donnerwieder ka net ausgeschloss ginn.

Mëttwoch & Virowend

Am Nomëtte packen et d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 25 a 29 Grad. Sonn a Wolleke wiessle sech of, virun allem wärend dem Nomëtten a spéidere Nomëtte besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer (och mol e Blëtz net ausgeschloss). Dës Warscheinlechkeet ass virun allem iwwert der Südhallschent vum Land vertrueden. De Wand ass mat 30 km/h an de Spëtzte nëmme liicht spierbar aus Südosten ënnerwee. Wärend dem Owend ginn d’Temperaturen op tëscht 17 an 22 Grad zréck, a Richtung Mëtternuecht sinn et nach 16 bis 19 Grad. An Tëschenzäit huet déi kleng Schauerwarscheinlechkeet weider ofgeholl, et di sech Wollekelächer op. Haaptsächlech no Mëtternuecht ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg.

Nationalfeierdag

Den Donneschdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 21 a 25 Grad erop. Et zéien e puer Wolleken duerch, dobäi kënnt sech d’Sonn weisen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 25 a 29 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, a klenge Schrëtt klëmmt den Donnerwiederrisk. Vum spéideren Owend u kënnen aus Frankräich e puer méiglech Schaueren a Wiederen op Lëtzebuerg iwwergräifen, déi bis an déi zweet Nuetshallschent unhale kënnen. D’Temperature ginn op tëscht 14 a 17 Grad zréck.