D’Wieder fir de Virowend vu Nationalfeierdag 2024

De Moment si jo nach vill Wolleken ënnerwee – natierlech freet een sech elo, op wat fir ee Wieder mir eis den Owend mussen astellen.

Advertisement

D’Warscheinlechkeet vu Schauere geet zréck

Eppes ass eis sécher: Am Laf vum Owend geet d’Schauerwarscheinlechkeet zréck. Bei der Auswäertung vun de verschiddene Modeller fällt op, dass se sech awer net esou ganz driwwer eenz sinn, wéini exakt dann déi lescht Schauer erofkënnt. Eng Aschätzung fannt Dir awer hei drënner. Fest steet: Dës si net grouss nennenswäert a vu liichter Natur.

Den Temperaturverlaf fir den Owend wäert folgendermoossen ausgesinn, bezunn op eis Haaptstad:

  • 19 Auer: 15-17°C
  • 20 Auer: 15-16°C
  • 21 Auer: 14-15°C
  • 22 Auer: 12-14°C
  • 23 Auer: 12-14°C
  • 00 Auer: 12-13°C
  • 01 Auer: 11-13°C
  • 02 Auer: 11-12°C
  • 03 Auer: 10-12°C

Wann een a Saache Nidderschléi elo awer de leschten Zäitpunkt vun der gerénger Warscheinlechkeet vun enger Schauer wéilt ausfanneg maachen, da kënnt een op iergendwou tëscht 21 an 22 Auer. Duerno entstinn och ëmmer méi Lücken an de Wolleken, esoudass eenzel Opkläerunge warscheinlech ginn. Dës Phas zitt sech bis an déi spéit zweet Nuetshallschent, ier et dann erëm méi wollekeg gëtt.

De Fazit ass also deen, dass e Prabbeli net zwéngend néideg ass – mee spéiderhi wier awer e Pullover oder eng dënn Jackett ubruecht wéinst den Temperaturen.