D’Wieder fir den e-Lake Festival 2019

De Weekend ginn d’Diere vum e-Lake Festival erem op! Wärt d’Wieder dëst Joer matspillen?

Den Oflaf vum Wieder

Den Jetstream, also e Staarkwandband a 9 bis 12 Kilometer Héicht, ass aktuell méi präsent wéi virun e puer Deeg nach. Dëst bréngt mat sech, dass d’Grousswiederlag am grousse Ganzen op méi variabelt Wieder agestallt ass.

De Freide, wou de Festival ufänkt, wärt et ufanks mol zimmlech wolléckeg sinn. D’Temperature leien tësche 16 an 18 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 23 bis 25 Grad erop, et gëtt weiderhi no a no méi gro. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu bis zu 30 Grad ze rechnen, et gett richteg schmeier. Am Nomëtte resp. um Owend kann en Donnerwieder e.a. mat Staarkreen net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht gëtt et awer lues a lues manner gro, an der Nuecht kann et souguer kuerz opklären.

De Samsdemoien ass et liicht wolléckeg bis bedeckt, reene sollt et net. Och um Mëtten an am Nomëtten ass zwar mat enger Partie Wollécke, mee och mat sonnege Momenter ze rechnen. D’Wahrscheinlechkeet vun enger Schauer ass nëmme kleng. D’Temperature klammen op 24 bis 26 Grad. Am weidere Verlaf vum Nomëtte gëtt et ëmmer manner wolléckeg, an der Nuecht kann et souguer opklären. D’Wäerter falen op 13 Grad.

De Sonndemoie si sou gutt wéi keng Wollécken ënnerwee, dat bei 14 bis 16 Grad. Mëttes an am Nomëtten zitt et ëmmer méi zou, et ass mat bis zu 25 Grad ze rechnen. Haaptsächlech am spéidere Nomëtten ass rem mat Schaueren ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 13 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner gro.

Ënner elake.lu fannt Dir weider Informatiounen zum Festival a natierlech och zum Line Up.

Reklamm a Form vun enger Prognos fir Ärt Event? Kontakt: business@meteoboulaide.com

Aftermovie 2018

e-Lake Line Up 2019