D’Wieder genéissen: Schaueren an Donnerwieder raumen de Spéitsummer geschwënn of

Déi nächst Deeg si nach eng Kéier ze genéissen, well et dëst Joer deemno wéi net méi esou waarm gëtt. En Dënschde gëtt dat momentaant Wieder vum Dësch geraumt.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

Haut um Samsden an och nach muer um Sonnden leie mir um Rand vum Héichdrockgebitt, wat eis an de leschten Deeg dat gutt Wieder bruecht huet. Duerno gëtt et awer erëm méi “turbulent”, well eis eng Kalfront méi no kënnt. Am Virfeld kënnt et en Dënschden awer nach zu enger sougenannter “Konvergenzzon”, un där d’Loftmasse sech hiewen an doraus dann Schaueren an och Donnerwieder kënnen entstoen.


De viraussiichtlechen Ëmschwong vun uewe gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Bis e Méinde komme schonn a klenge Schrëtt e puer Wolleken dobäi, e groussen Ëmschwong ass awer nach net dran. Eenzel Modeller rechnen awer schonn fir de Méinden eng kleng Warscheinlechkeet fir eng lokal Schauer.

Wierklech interessant gëtt dann eben en Dënschden, wou sech jo déi ugeschwate Konvergenzzon iwwert eis leet. Berechent gi Schaueren an Donnerwieder an eiser Groussregioun – dovu kënnen eenzelner och mol e bësse méi kräfteg ausfalen. Wou de Schwéierpunkt genee verleeft (op d’Groussregioun bezunn, net Lëtzebuerg explizit), ass nach net kloer. Fest steet: Ënnert de kräftegsten Deeler ass Staarkreen méiglech, deemno wéi och mol Knëppelsteng a stiermesch Wandstéiss.

D’Temperature klamme “just” nach op 20 bis 23 Grad, wat heescht, dass mir op e fir d’Saison normale Beräich erofrëtschen.

Esoubal sech d’Situatioun e bësse méi kloer an de Modeller weist, ginn et Updates zu de méiglechen Donnerwieder.