D’Wieder vir d’Dikrëcher Cavalcade – Update 2

Update 2/2 (10.02.2018 – 17:49)

Muer um Sonndën geet déi 39st Editioun vun der Dikrëcher Cavalcade un de Start, iwwer 20.000 Visiteure ginn erwaart. Op waat musse mir eis dann wiedertechnësch astellen?

Oflaaf vum Sonndën

Aktuelle Modellrechnunge no zéien an der Nuecht op de Sonndë nei Nidderschléi an d’Land eran. D’Temperature ginn op e Minimum vun 2 bis 0 Grad zréck. Ufanks kënnen d’Nidderschléi also nach als Schnéi eroofkommen. Am Laaf vum Virmëtten klammen d’Temperature weider, mee awer lues. Wann also eppes eroofkënnt, wärt daat ëmmer méi Schnéireen oder Reen sinn. Vir de Mëtten a Nomëtten klammen d’Temperaturen op bis zu 4 Grad, de Wand bléist frësch aus Westen an ereecht Spëtzte vu 45 km/h. Bis Mëtternuecht si nach vill Wollécken ënnerwee, déi virun allem vum spéideren Owend un rëm e puer Flacke faale losse kéinten. Spéider si rëm manner Wollécken ënnerwee, d’Temperaturen ginn op -4 Grad zréck.

Ët ginn vum fréie Sonndëmoien un zwëschen 1 an 3 cm Neischnéi berechent. Vum spéide Virmëtten un kann daat awer, wéi an der Prognos betount, scho rëm duerch liicht erhéicht Temperaturen a Schnéireen iwwergoen, eventuell och Reen.