D’Wieder vir de Flitts de Bal 2018

De Freiden ass erem de Flitts de Bal zu Gilsdrëf! Wéi et schéngt, gëtt d’Wieder am Laaf vum Event och lues a lues ëmmer besser.

Flitts de Bal Intro 2018

Timetable

  • 17 Auer: Afterwork
  • 21 Auer: Flitts de Bal
  • Bis 6 Auer: Afterparty am MPIRE

Vir Stëmmung suergen den DJ DEE an den DJ NOSI. Méi Détailer zum Event fannt Dir op Facebook. 

De meteorologëschen Oflaaf

Lass geet et mam Afterwork um 17 Auer. Zu där Zäit si nach eng Partie Wollécken ënnerwee, mee just mat Pech sollt et da mol nachengkéier kuerz naass ginn. D’Temperature leie bei 16 bis 17 Grad, de Wand bléist nëmme schwaach mat 2 km/h aus West bis Nordwest. Bis déi 5. Editioun vum Bal selwer um 21 Auer ugeet gëtt et lues awer sëcher ëmmer manner wolléckeg. De souwisou scho minimale Risk vu Nidderschléi geet zréck. D’Temperature wärte vir den Ufank vum Bal bei 11 bis 12 Grad leien, et gëtt also zimmlech kill. Mat engem décke Pullover oder enger Jackett ass also näischt falsch gemaach. De Wand ass ëmmer nach schwaach ënnerwee a bléist an der Moyenne mat 4 km/h, an de Spëtzten ass mat héchstens 10 km/h ze rechnen. A Richtung Mëtternuecht klärt et ëmmer méi op, d’Temperature faalen och dementspriechend. Se sollte nach bei gutt 10 Grad leien ier se vir 3 Auer souguer op 8 Grad zréckgoe kéinten. Ënner Ëmstänn kënne sech an der Ëmgéigend vu Gilsdrëf och Niwwelfelder forméieren.

Soulaang ee gutt agepaak ass, steet engem flotten Event also näischt am Wee. Och an den Deeg drop weist sech d’Wieder am ganze Land rem vu sénger schéiner Säit.

Prognos vir Ärt Event?

Dir hätt gären eng Reklamm, déi gläichzäitëg als Reklamm fungéiert, vir Ärt Event a Form vun engem Artikel op der Websäit an och op Facebook? Da mellt Iech ënner business@meteoboulaide.com