D’Wieder vir de Funky Donkey Festival 2018

Dëse Samsde gëtt déi 5. Editioun vum Funky Donkey Festival lancéiert. Ob d’Wieder zu Klierf matspillt, gidd Dir an de nächsten Zeilen am Détail gewuer.

Agréabel a wéineg Wollécken…

…sou gesinn déi aktuell Berechnungen aus vir dëse Samsden, den 8. August 2018. Ab der Mëttesstonn, wou de Programm vum Funky Donkey lassgeet, ass mat frëndlechem Wieder ze rechnen. Et zéie just e puer kleng an harmlos Wollécken duerch, déi d’Sonn awer net wierklech stéiere wärten. Reen ass keen a Siicht, d’Temperature wärten ëm dës Zäit bei 16 Grad leien. Am weidere Verlaaf vum Nomëtten ass mat kenger groussartëger Ännerung ze rechnen. Et bleift frëndlech, d’Temperature klamme souguer nach e bessen a kënne Werter vu 17 bis 18 Grad ereechen. De Wand ass an der Moyenne mat 10 km/h aus Süd-Südosten ënnerwee a stellt och kee Problem duer. Géint 18 Auer ass et liicht wolléckeg, Reen ass ëmmer nach ganz onwahrscheinlech. D’Temperature leien tësche 14 a 16 Grad, de Wand ass mat 5 km/h schwaach aus Südwesten ënnerwee.

Um spéideren Owend a virun allem der Nuecht klärt et op, an der Emgéigend vum Site ka Niwwel respektiv Héichniwwel awer net ganz ausgeschloss ginn. Demno wéi kompakt de Niwwel ass (falls en dann tatsächlech optrëtt), wier liichte Fisemreen net onméigleg. D’Temperature faalen op 14 bis 12 Grad, a Richtung Schluss op 9 Grad. Et sollt een also drun denken, eng méi déck Jackett matzehuelen.

Prognos vir Ärt Event?

Dir hätt gären eng Reklamm, déi gläichzäitëg als Reklamm fungéiert, vir Ärt Event a Form vun engem Artikel op der Websäit an och op Facebook? Da mellt Iech ënner business@meteoboulaide.com