D’Wieder vir de Last Summer Dance

Dëse Weekend ass erem de Last Summer Dance Festival zu Ierpeldéng bei Angelduerf. Op wéiee Wieder sech d’Visiteuren astelle musse, gidd Dir hei gewuer.

Vir den After Work um Freidenowend gëtt d’Wieder ëmmer besser. D’Wollécken, déi eis duerch de Freide begleet hunn, verzéie sech lues awer sëcher. Um Owend an och an der Nuecht misst et dohier ëmmer manner wolléckeg ginn an d’Chancen op e kloeren Himmel klammen. Um Owend selwer leien d’Temperature bei 12 bis 14 Grad, no Mëtternuecht gi se op 8 Grad zréck.

Um Samsde geroode mir scho méi ënner Héichdrockafloss, wouduerch däitlech manner Wollécken ënnerwee wärte sinn. D’Temperature leien um Mëtte bei 19 bis 21 Grad, d’Sonn ka sech bei e puer wéinëge Wollécken ëmmer rem weisen. Nidderschléi si keng ze erwaarden. Um Owend ännert sech d’Bild net bedeitend, d’Temperature wärte bei 13 Grad leien. Méi spéit um Owend an an der Nuecht selwer ass mat Minimaltemperature vu 9 Grad ze rechnen, um Wee vir heem kéint een e puer Niwwelfelder begéinen.

De Sonndë geet de Programm scho mat vill Sonn un, d’Temperature leie bei agréablen 23 Grad. Am weidere Verlaaf vum Nomëtte ginn dës Werter bäibehaal, ët gëtt awer ëmmer méi wolléckeg. Et klëmmt och e minimale Risk vu vereenzelte Schaueren. Um Owend an a Richtung Schluss vum Last Summer Dance 2018 gëtt et scho lues a lues rem manner wolléckeg. D’Temperature leie géint 22 Auer bei 15 Grad.

Prognos vir Ärt Event?

Dir hätt gären eng Reklamm, déi gläichzäitëg als Reklamm fungéiert, vir Ärt Event a Form vun engem Artikel op der Websäit an och op Facebook? Da mellt Iech ënner business@meteoboulaide.com