D’Wieder vir de Virowend a Nationalfeierdag

Um Samsden zéie nach heiansdo e puer méi déck Wollécken duerch, ier et ab dem Owend ëmmer méi kloer gëtt.


Héichsummer u Nationalfeierdag

Ier mir eis den héichsummerleche Nationalfeierdag ukucken, hei virdéicht d’Aussiichte vir de Virowend:

Um Owend, sou géint 18 Auer, wärte nach e puer Wollécken iwwert den Himmel zéien. Et besteet nach e minimale Schauerrisk, deen am Laf vun de nächste Stonne séier zréckgoe wärt. D’Temperature leien zu der genannter Zäit bei 20 bis 23 Grad. Wéi gesoot, wärten d’Wollécken an de Stonnen drop ëmmer manner ginn. Et gëtt also bei Temperaturen, déi géint 21 Auer bei 16 bis 19 Grad leie wärten, ëmmer méi kloer. U Mëtternuecht leien d’Wäerter an der Stad bei 16 Grad, am Norde vum Land kënne se a verschiddenen Däller op 10 Grad falen. Uechtert de Rescht vum Land ass mat 11 bis 17 Grad ze rechnen. Den Himmel wärt kloer sinn an och Niwwel sollt do keen optriede soudass z.B an der Stad e fräie Bléck op d’Feierwierk méiglech ass. No Mëtternuecht wärt et mat 8 bis 15 Grad op de meeschte Plazen am Land nawell mëll bleiwen.

Um Nationalfeierdag selwer ass et moies meeschtens kloer. D’Temperature leien tëschen 13 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op 23 bis 26 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 27 bis 31 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Ost-Südosten. Et gi Spëtzte vu 40 km/h areecht. Et bleift sonneg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 19 bis 13 Grad zréck, et bleift kloer.