E Méinden: Frankräich mellt iwwer 100 nei Temperatur-Allzäitrekorder

U méi wéi 100 Wiederstatiounen a Frankräich sinn e Méinde nei Allzäit-Temperaturrekorder opgestallt ginn.

Historesch Hëtzt

Besonnesch iwwert dem Weste vum Kontinent huet sech, wéi virausgesot, eng immens Hëtzt breetgemaach. Alleng a Frankräich si gëschter um Méinden 108 nei Allzäit-Temperaturrekorder (!) opgestallt ginn. An 135 Fäll ass jeeweils de méintleche Rekord fir e Juli-Mount geknackt ginn.

Hei e puer erausgepickte Wiederstatioune mat neien Allzäit-Rekorder, gemooss vu MétéoFrance:

  • Biscarosse (mësst zanter 1965) mat 42,6°C | ale Rekord: 41,7°C den 18.06.2022
  • Cazaux (mësst zanter 1921) mat 42,4°C | ale Rekord: 40,6°C den 30.07.2020
  • Nantes (mësst zanter 1945) mat 42,0°C | ale Rekord: 40,3°C den 12.07.1949
  • La Roche-sur-Yon (mësst zanter 1984) mat 41,4°C | ale Rekord: 38,8°C den 27.06.2019
  • Cholet (mësst zanter 1965) mat 41,2°C | ale Rekord: 39,1°C den 23.07.2019
  • Saintes (mësst zanter 1949) mat 41,1°C | ale Rekord: 41,0°C den 12.07.1949
  • Niort (mësst zanter 1959) mat 41,0°C | ale Rekord: 40,1°C den 18.06.2022
  • Saint-Nazaire (mësst zanter 1957) mat 40,7°C | ale Rekord: 38,4°C de 09.08.2003
  • Angers (mësst zanter 1937) mat 40,7°C | ale Rekord: 40,7°C den 23.07.2019
  • Lanmeur (mësst zanter 1982) mat 40,3°C | ale Rekord: 36,0°C de 19.07.2016
  • Saint-Brieuc (mësst zanter 1985) mat 39,5°C | ale Rekord: 38,1°C den 05.08.2003
  • Brest (mësst zanter 1945) mat 39,3°C | ale Rekord: 35,1°C den 09.08.2003
  • Chaussiron (mësst zanter 1917) mat 37,3°C | ale Rekord: 35,9°C den 04.08.2003

Déi héchst jeemools gemoossen Temperatur a Frankräich geet op den 28. Juni 2019 zréck, deemools sinn zu Gallargues-le-Montueux 45,9 Grad gemooss ginn.

Rekorder och an anere Länner

Zu Wales ass e Méinden e neie nationale Rekord opgestallt ginn: 37,1 Grad huet den Thermometer ugewisen. Deemools, am Joer 1990, waren et 35,2 Grad. Den ale Rekord ass also mat Ofstand (+1,9°C) geknackt ginn.

An Irland am Phoenix Park, Dublin, sinn 33 Grad gemooss ginn. Kee neie nationalen Allzäit-Rekord, mee awer fir e Mount Juli. Wäit fort ass en Allzäitrekord awer net, well deen läit bei 33,3 Grad.

An England ass de Méinde kee neie Landesrekord opgestallt ginn, mee dat ass haut um Dënschden zimmlech warscheinlech. Gëschter waren et 38,1 Grad (den drëttwäermsten Dag an der Geschicht), de Rekord läit bei 38,7 Grad. Och wann et net fir e neien absolute Landesrekord duergaangen ass, hu verschidde Statiounen hir eegen Allzäitrekorder erreecht a gebrach.

Op der Kanalinsel Jersey ass mat 37,9 Grad e neien Allzäitrekord opgestallt ginn an huet den Alen domat ëm 1,9 Grad iwwertraff. Dëst baséiert op Donnéeën, déi bis an d’Joer 1894 zréckginn.