Ëmmer erëm gëtt an de Modellrechnungen e Randdéif fir d’Nuecht op e Freide simuléiert, wat eis net nëmme Wand mee och mol déi éischt Flacke vun der Saison kéint bréngen. Déi bis ewell gewosst Détailer.
D’Situatioun
Wéi Dir wësst, rauscht grad dat engt Randdéif nom aneren duerch. Doduerch gerode net ëmmer erëm neie Reen a Wandfelder op Lëtzebuerg, mee deemnächst schléissen d’Modeller e ganz bestëmmten Zenario net zu 100% aus, nämlech déi éischt Flacken. Mee wéi kënnt et dozou?
Fir d’éischt mol: Dësen Artikel ass ëmmer nach reng Theorie. Am Endeffekt wäert et drop ukommen, wéi genee sech d’Randdéif positionéiert. An der Theorie ass et awer elo sou, dass sech an der Nuecht op de Frieden en Déifdrockgebitt iwwert dem äusserste Nordoste vun Däitschland resp. Nordweste vu Polen befënnt. Zur selwechter Zäit läit e grousst Héichdrockgebitt iwwer Spuenien a Portugal. Wéi mir et ëmmer erëm hei beschreiwen, dréint en Héich jo mat der Auer, iwwerdeems en Déif dogéint dréint. Duerch dës Konstellatioun fléissen déi däitlech méi kill Loftmassen schonn e gutt Stéck méi wäit an de Süden – mee den entscheedende Faktor ass eben e Randdéif.
Kal Loftmasse ginn ugezapt
Dëst Randdéif kënnt viraussiichtlech vum fréien Donneschdemoien un vum Atlantik hier eragerauscht a soll iergendwou tëscht Nordrhein-Westfalen an dem äusserste Norden/Nordoste vu Frankräich a Richtung Osten duerchrauschen. E Randdéif dréint logescherweis och géint d’Auer a kéint domat dofir suergen, dass déi méi kill Loftmassen op der Récksäit vum Déif nach en Tick méi wäit an de Süde virdränge kënnen – a well d’Déif mat Nidderschléi verbonnen ass (deemno wéi méi kräftegen) ass et op de Koppe net ausgeschloss, dass déi éischt Flacke vun der Saison kënne mat dobäi sinn. Wichteg ass: Dëst wier, egal wéi, nach kee grousse Wanterabroch – mee einfach just e Gemësch, gekoppelt mat vereenzelte Flacken eben.
Deemno wéi wäit d’Déif méi wäit nërdlech oder südlech duerchzitt huet och en Afloss op d’Wandfeld. Zitt et ongeféier op der Héicht Köln duerch, da wiere schwéier Stuermstéiss zu Lëtzebuerg ze erwaarden – esou gesäit et aktuell de franséischen ARPEGE-Modell. Zitt et awer méi wäit südlech, mat sengem Kär quasi genee iwwert eis ewech, da géif och d’Stuermfeld méi wäit südlech verlafen an eis guer net mol esou richteg beaflossen. Et schéngt also en immens spannende Freidemoien unzestoen.