Éischt Schnéi-Signaler an de Modeller: Firwat een de Ball awer nach soll flaach halen

Mir sinn an engem Mount ukomm, an dem et theoretesch schonn kéint schneien. D’Modeller weisen zäitweis esouguer schonn déi éischt Signaler fir Flacken, mee nach sollt ee virsiichteg sinn.

Advertisement

Kalendaresch net méi wäit, mee meteorologesch…

… dat ass eng aner Saach. Mee: Et gouf bis ewell schonn den een oder anere Modell-Laf, deen tatsächlech déi éischt Signaler fir schwaach Schnéischauere gewisen huet. Eng vun den éischte Kéiere war de 5. Oktober, wou vum amerikanesche Modell fir de 17. Oktober mat den éischte Flacke gerechent gouf.


D’Schnéisignal vum 5. Oktober, wat an Tëschenzäit awer verschwonnen ass | Grafik: wxcharts.com

Wéi och schonn op Social Media matgedeelt gehat, war awer gewosst, dass dëst Signal erëm géif verschwannen. An Tëschenzäit ass e weidert Signal opgedaucht, an dat fir den 21. Oktober. Firwat een dat awer nach net fir bor Mënz soll huelen, dat kläere mir elo.


Dat nächst Signal, wat elo fir den 21. Oktober | Grafik: wxcharts.com

Modellrechnungen- a Leef verstoen

Natierlech versteet een, dass esou Berechnunge fir d’Wanter-Frënn op den éischte Bléck eng gewëss Freed ausléisen. Wann ee sech awer e bësse mat der Wiedermodellwelt auserneesetzt, da wees een, dass Modellrechnungen, déi esou wäit an d’Zukunft ginn, generell musse mat gréisserer Virsiicht genoss ginn. Modellrechnungen, déi 2 bis 3 Deeg an d’Zukunft ginn, sinn am verlässlechsten. E bësse méi wackeleg gëtt et schonn vun 4 bis 5 Deeg un. Alles wat duerno kënnt, fänkt schonn lues a lues un, Spekulatioun ze ginn. Et ginn awer Ausnamen, wou och Prognosen bis a bal enger Woch méi oder manner kënnen zoutreffen, wéi beispillsweis bei stabilen Héichdrock-Wiederlagen.


Eng tendenziell méi variabel Wiederlag fir déi nächst Zäit | Animatioun: wxcharts.com

Fir den elo relevanten Zäitraum hu mir et awer net mat esou enger stabiler Héichdrocklag ze dinn, mee et ass méi eng Westwiederlag. Dat heescht, dass sech Déifdrock- an Héichdrockaktivitéit ofwiesselt an doduerch och méi turbulent Wiederlagen oder reen- & wandaktiv Kalfrontpassage méiglech sinn. Dat heescht also, dass dat neit Schnéi-Signal och erëm séier “Schnéi vu gëschter” wäert sinn.

Mee firwat gouf de Schnéi dann ugewisen, wa “näischt drun” ass?

Dem Modell no ass op alle Fall eppes drun, well et gouf jo esou gerechent. Dat geet awer just vun dem enge Modell-Laf aus, deen en ebe berechent huet. De nächste Laf, also déi dropfolgend Aktualiséierung vun der Modell-Simulatioun, ass awer erëm anerer Meenung. Do spillt also engersäits déi zäitlech Simulatiouns-Sécherheet eng Roll, mee awer och déi an dem Moment berechent Wiederlag, déi d’Signal “getriggered” huet.

Dat rezent Schnéi-Signal gouf doweinst ugewisen, well den amerikanesche Modell am Laf vun haut de Moien der Meenung war, mir kriiten et den 21. Oktober mat engem Héichdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen ze dinn, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem wäiten Osten & Südrussland läit. Dat géif natierlech an enger kräfteger a wanterlech killer nordëstlecher Stréimung resultéieren, déi am Fall vum liichte Nidderschlag natierlech och mol déi eng oder aner Schnéiflack aus de Wolleke kéint drécken.


D’Grousswiederlag fir den 20. Oktober, fir deen dem Modell-Laf vun haut de Moie no Schnéi méiglech gewiescht wier | Grafik: wxcharts.com

De Laf vun haut den Owend, also de neisten, gesäit d’Konstellatioun vun den Drockgebitter zwar nach ëmmer änlech, mee e gutt Stéck méi wäit ëstlech. Dat heescht also, dass d’Wiederlag fir Lëtzebuerg am Endeffekt erëm eng aner wier an déi kill Loftmasse guer net mol wäit genuch a Richtung Weste kéinten virdréngen.


D’Grousswiederlag fir den 20. Oktober, haut den Owend berechent. Déi wanterlech Loftmasse ginn elo vill méi wäit fort berechent | Grafik: wxcharts.com

De Wanter kënnt awer sécher

De Wanter kënnt, dat ass keng Fro. Kalendaresch souwisou, a wat d’Wieder ugeet musse mir d’Kaarten einfach nach eng Zäit laang am Aen halen. Och wann elo de Moment keng wierklech konkret Hiweiser op den éischte Schnéifall existéieren, kann et an de nächste Wochen deemno wéi awer zimmlech séier goen. Et ass elo, bedingt duerch d’Joreszäit, ëmmer méi just eng Fro vun der Konstellatioun vun Héich- an Déifdrockgebitter. D’Schnéi-Frënn brauchen also nach e bësse Gedold, iwwerdeems sech all déi aner kënnen driwwer freeën.