Éischt Wochenhallschent: Buedemfrascht gëtt méi warscheinlech

Eng Phas mat ënnerduerchschnëttlechen Temperaturen an der éischter Junihallschent mécht sech bemierkbar. Ufanks der nächster Woch ginn d’Loftmassen iwwert eise Käpp nach eng Kéier kill genuch, dass et fir lokaale Buedemfrascht kann duergoen.

Advertisement

Ënnerduerchschnëttlech Phas

Nodeems de Mee jo extreem naass, dofir awer esouguer mat minimal iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen (an der Moyenne) op en Enn gaangen ass, erwaart eis elo déi ugekënnegt Phas mat den ënnerduerchschnëttlechen Temperaturen an der éischter Juni-Hallschent.


D’Situatioun vun de Loftmassen fir den Ufank vun der nächster Woch | Grafik: wxcharts.com

Den heivir relevanten Zäitraum ass viraussiichtlech de Méinde bis de Mëttwoch inclus. En Déifdrockgebitt läit iwwert de skandinavesche Länner, iwwerdeems en Héich iwwert den Azoren läit. Hir Stréimunge suergen dofir, dass nach eng Kéier kill Loftmasse mat polarem Uersprong op Mëtteleuropa kënnen transportéiert ginn, an domat och op Lëtzebuerg. Duerch de Sonnestand zur aktueller Joreszäit muss ee sech zwar keng Suergen ëmt e Comeback vu wanterleche Phänomeener maachen – dat eenzegt wat tatsächlech e klengen Tick méi warscheinlech gëtt ass Buedemfrascht, oder op d’mannst buedemno Wäerter déi net all ze wäit dovu fort sinn.

Un empfindlech Planzen denken

Schonn an der Nuecht op e Méinde kann et punktuell esouwäit sinn, Buedemtemperaturen (also wierklech um Buedem selwer, net déi “normal” Temperatur op 2 Meter) vun tëscht -1 an 2 Grad gi fir den äusserste Norde berechent. Fir d’Nuecht op en Dënschde gesinn héichopléisend Modeller aktuell Buedemtemperature vun tëscht 1 a 4 Grad – dat op enger Sträif vum Westen bis an de Nordosten eran. Fir d’Nuecht op e Mëttwoch ginn de Moment Buedemtemperature vun tëscht -1 an 2 Grad berechent, dat tendneziell fir d’Nordhallschent. Duerch déi zäitlech Distanz si méi genee Andeelunge leider nach net méiglech. Och déi méi grob opgeléist Modeller wéi den amerikanesche GFS oder europäeschen ECMWF deite Minimalwäerter vun ëm 1 Grad un, wat also weist, dass eppes un dësem Trend drun ass.

Änlech Wäerter ginn och nach fir d’Nuecht duerno berechent, mee dat kucke mir eis dann eng aner Kéier un, falls nach néideg.