Éischte Schnéi: An der belscher Äifel & an Däitschland war et de Weekend esouwäit

Zanter de Freiden huet eng Loftmassegrenz stréchweis fir den éischte Schnéi am Nordoste vun Däitschland gesuergt. Duerch d'Verlageren an de Südwesten ass et net nëmmen do fir den éischte Schnéi duergaangen.

Loftmassegrenz huet den éischte Schnéi bruecht

Ofgesinn vun den Alpen, huet Däitschland de Freiden den éischte Schnéi vun der Saison gesinn. Ugaangen ass et am Nordoste vun Däitschland – mat der Verlagerung vun der Loftmassegrenz a Richtung Südwesten huet et e puer Stonnen drop, plazeweis och Deeg, och méi wäit an der Mëtt esouwéi och am Süde vun Däitschland geschneit. Gréisser Quantitéite sinn zwar net erofkomm, an awer ziele verschidde Wiederstatiounen (Stand Sonndenowend, 20.11.2022 23:27) an de Bundeslänner Mecklenburg-Vorpommern, Brandenburg, Sachsen-Anhalt, Niedersachsen, Thüringen an Hessen tëscht 1 a 6 cm Schnéi.

D’Loftmassegrenz ass de Sonndenowend bis an déi belsch Äifel verlaf, wou dann och den éischte Schnéi vun der Saison observéiert gouf. Den een oder anere Modell haat och bei eis zu Lëtzebuerg d’Chance gesinn, dass et zu Flacke kéim – am Endeffekt war et dunn awer esou, dass d’Loftmassegrenz net grad no genuch u Lëtzebuerg erukomm ass, op mannst déi kill Säit dovun. Et war also definitiv eng knapp Geschicht.

De gefalene Schnéi wäert awer wuertwiertlech geschwënn Schnéi vu gëschter sinn. An der neier Woch brécht aus Südwesten a Westen erëm méi fiicht mee dofir mëll Loft eran, wouduerch de Schnéi schmëlzt a weidere Schnéifall éischter onwarscheinlech gëtt. Just fir den Dënschdevirmëtte ginn et erëm Modellrechnungen, déi kuerzzäiteg erëm déi eng oder aner Flack an der Äifel esouwéi och op de Koppen am Norde net wëllen ausschléissen. Vun der Warscheinlechkeet hier ass dëst awer erëm d’selwecht anzeschätzen wéi fir de Sonnden.

E puer Andréck aus Däitschland & der Belsch