D’Wieder vir den e-Lake Festival

De Weekend ass et erem sou wäit: Iwwer dräi Deeg laang ass zu Iechternach um Séi rem den e-Lake Festival! Mee wéi gesäit et mam Wieder aus?

Nidderschlagsfilm vir den e-Lake Weekend

Wéi gëtt d’Wieder?

Nodeems et vum Dënschde bis de fréie Freidemoie verdeelt zu deels kräftëge Schaueren an Donnerwiedere komme ka, berouëgt sech d’Situatioun den aktuelle Modeller vum Weekend un, also pünktlech vir den e-Lake.

Demno sollt et um Freidenowend ëmmer manner wolléckeg ginn, daat bei Temperaturen, déi tëschen 18 an 21 Grad leien. Reen ass kee méi ze erwaarden, engem flotten Owend géif also näischt méi am Wee stoen.

De Samsden erwaart eis e frëndlechen Dag, bestoend aus engem Mix aus Sonn a Wollécken. Ët gëtt bei wäitem nët méi sou waarem, wéi mir et nach Mëtt der Woch haaten. D’Temperaturen ereeche Maximalwerter vu bis zu 25 Grad, dobäi bleift et drëche bleiwen. De Wand ereecht an de Spëtzten héchstens 25 km/h aus Südwesten. Um Owend an an der Nuecht killt et op 14 bis 10 Grad of, soudass et nawell e bësse frësch wärt ginn. Vergiesst also net den décke Pullover oder souguer eng Jackett.

De Sonndë steet de wärmsten Dag vum Weekend befir. Mir hunn et mat vill Sonn a wéinege Wollécken ze dinn, d’Temperature packen et op Héchstwerter vun 28 Grad. Reen ass keen ze erwaarden. Um Owend gëtt ët lues a lues méi wolléckeg, et sollt awer nach drëche bleiwen. D’Temperature wärten dobäi bei ëm déi 23 Grad leien.

Ënner elake.lu fannt Dir weider Informatiounen zum Festival a natierlech och zum flotte Line Up. 😉

Reklamm a Form vun enger Prognos vir Ärt Event? Kontakt: business@meteoboulaide.com