Elo an der Belsch: Iwwerschwemmungen am Raum Léck & Namur

En Déifdrockgebitt huet sech westlech vu Lëtzebuerg agekréngelt. Doduerch kënnt et zu kräftegem Dauerreen, deen besonnesch tëscht Namur a Léck schonn fir Iwwerschwemmunge suergt.

Iwwerschwemmungen duerch Déifdrockgebitt mat Donnerwieder-Reschter

En Déifdrockgebitt huet sech an de Moiesstonnen aus Frankräich erausbeweegt a läit an Tëschenzäit iwwert dem Oste vun der Belsch. Un dëst Déif sinn Reschter vun Donnerwieder gekoppelt, déi an der vergaangener Nuecht nach Deel vun engem Donnerwiedersystem waren, deen aus Frankräich hier eropgezu komm ass.

Besonnesch no um Kär vun dësem Déif, also do wou de Reen quasi “ronderëmgewéckelt” gëtt, reent et méi zolitt a laang um Stéck. Radarmiessunge no sinn am Raum Andenne, Franc-Waret, Hingeon an Ohey schonn punktuell 60 l/m² vum Himmel komm, wat natierlech fir Iwwerschwemmungen a vollgelafe Kellere suergt. Och soss sinn iwwer Deeler vun der estlecher Belsch, wéi beispillsweis am Raum Ciney an Hannut, punktuell schonn bal 50 l/m² Reen gefall.

Dëse Video weist d’Entwécklungen vun der Plaz

Source: Info Meteo op Facebook

Et ass méiglech, dass am weidere Verlaf vum Dag nach Reen aus Frankräich nogezu kënnt.