Elo kënnt den Ex-Hurrikan LEE: Kalfront mat kräftegem Reen a strammem Wand um Donneschden

Muer um Donneschde passéiert eis eng Kalfront, mee net iergendeng: Et sinn d’Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan LEE, déi muer fir deels méi kräftege Reen a stramme Wand suergen. Vergaangene Freiden hate mir schonn iwwert d’Méiglechkeet vun dësem Zenario geschwat.

Advertisement

Hurrikan-Iwwerreschter zu Lëtzebuerg

E Freiden, 15. September, hate mir iwwert den Hurrikan LEE a seng Zukunft geschwat. Een vun den Zenarien war deen, dass eis de Stuerm mat sengen Iwwerreschter soll ereechen – dat awer natierlech an enger Form, déi näischt méi mat engem Hurrikan ze dinn huet. Muer um Donneschden erwaarden eis tatsächlech d’Iwwerreschter dovun a se wäerten haaptsächlech fir kräftege Reen an och spierbare Wand un der Kalfront suergen.

De LEE hat sech de 5. September iwwert dem ëstlechen Atlantik zu engem Tropestuerm entwéckelt, fir dann e gudden Dag méi spéit e massiven Hurrikan vun der fënnefter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala ze sinn. An der Moyenne waren zu dësem Zäitpunkt Wandvitessen vun 270 km/h um Wierk, an de Spëtzten no un den 300. Soubal en dunn un ëstlech un der Dominikanescher Republik laanscht war, hat e sech ugefaangen ofzeschwächen. De vergaangene Weekend ass de Stuerm dunn als aussertropesche Stuerm, also ënner ganz staarker Ofschwächung, zu Nova Scotia a Kanada u Land gaangen.


D’Iwwerreschter vum Hurrikan LEE iwwert de britteschen Inselen, Stand 20.09.2023 | Grafik: DWD

Duerno gouf de Stuerm vun engem groussen Déifdrockkomplex iwwert dem nërdlechen Atlantik opgefaangen an a Richtung Europa gedréckt. D’Resultat dovun gesinn mir muer.

Wat ze erwaarden ass

Wéi gesot, wäerten d’Iwwerreschter iwwerhaapt näischt méi mat engem Hurrikan ze dinn hunn. Et sinn just d’Iwwerreschter vum aussertropesche System, déi muer eist Wieder am Grëff wäerten hunn. Mir starte mat ville Wolleken an den Dag eran a spéitstens vum spéide Mëtten u kënnt aus Westen de Reen eragezunn. Et handelt sech dobäi ëmt d’Kalfront, déi de Modellrechnunge no e puer Stonne brauch fir duerchzezéien.


Eosu zitt d’Front iwwert eis laut GFS-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Iwwerdeems sinn och méi kräfteg Reefäll méiglech, déi sech iwwert eng méi laang Zäit kënnen halen. Och de Wand ass interessant, well deen kann an de Spëtzten Vitessen vun tëscht 60 a 75 km/h erreechen. Et geet also net grad fir Stuermstäerkt duer, mee gutt spierbar ass dat op alle Fall. Wat d’Reenzommen ugeet kënne plazeweis duerchaus méi wéi 10 l/m² erofkommen, wat zwar zimmlech naass ass mee elo och net immens vill. Däitlech méi Reen soll de Modellrechnunge no tendenziell am Nordoste vu Frankräich/Grenz zu Baden-Württemberg erofkommen.

Et gëtt also een e bësse méi ongemittlechen Dag.