Um Internetsite mee och an Ärer App ginn et vun elo un e puer Neierungen. Dozou zielen en Donnerwieder-Tracker, Nidderschlagsradar, Blëtzkaarten, a Kaarten zu de Reenzommen.
Wëssen, wou et hinzitt
Mam Donnerwieder-Tracker kënnt Dir an Zukunft d’Donnerwiederlagen LIVE matverfollegen. Op der Säit fannt Dir dat aktuellt Radarbild vum Däitsche Wiederdéngscht DWD (wat eben och d’Lëtzebuerger Land iwwerstraalt) – gekoppelt mam Tracker deen Iech weist, wou d’Donnerwiederzellen hinzéien a wéi staark se sinn. Dëse Screenshot weist Iech d’Beispill vun haut 17:04 Auer am Südweste vun Däitschland.
D’Kaart ass op Lëtzebuerg fixéiert a spréngt bei all Refresh vun den Donnéeën dohin zréck, mee Dir kënnt se fräi verzéien an och fir Däitschland uwenden.
Blëtzkaarten & d’Nidderschlagswäerter
Bei Donnerwieder relevant si natierlech och d’Blëtzer a virun allem de Reen, deen ënner Ëmstänn zimmlech zolitt kann ausfalen. Op der Donnerwieder-Säit hei um Site fannt Dir nieft dem Radar an dem Donnerwieder-Tracker elo och Blëtzkaarten (Blëtzer selwer & d’Blëtzdicht) esouwéi och d’Kaart, déi déi akkumuléiert Reenzomm aus de leschte 60 Minutten uweist.
Dës Donnéeën ginn och vum däitsche Wiederdéngscht DWD zur Verfügung gestallt. D’Donnéeën iwwert de Reen ginn och aus Radardonnéeën ausgelies a representéiere keng tatsächlech vu Sensore gemooss Wäerter.
Radar a Reendonnéeën op engem Bléck
Ofgesinn vun der Donnerwieder-Thematik kënnt Dir Iech ënnert der Radar & Reen-Säit iwwert déi momentan Situatioun vum Reen duerch d’Radarbild um Lafenden halen. Dobäi fannt Dir dann och erëm d’Kaart mat de Reenzommen aus der leschter Stonn esouwéi awer och aus de leschte 24 Stonnen.
Wéi all déi aner Kaarten och si se fräi verzéibar an et kann een och erazoomen. D’Donnéeë gi vum DWD zur Verfügung gestallt wat awer och heescht, dass d’Kaarten och mol kënnen ausfalen falls et op hire Serveren zu Problemer kënnt.
Iwwer Web laafen d’Kaarten de Moment am beschten, iwwer Smartphone oder soss mobil Apparater kann et nach zu Duerstellungsproblemer kommen. Dës ginn awer an de nächsten Deeg behuewen.
Météo Boulaide haft net fir méiglech Handlungen, déi duerch den Donnerwieder-Tracker oder déi aner Kaarten duerchgefouert ginn.