Ëmmer méi sécher: Nächst Woch wuel erëm bal 30°C iwwert dem Kontinent méiglech

Iwwer d'Temperature gëtt de Moment vill diskutéiert. Nodeems d'Modeller elo laang Zäit éischter méi um méi kalen Trip ënnerwee waren, schéngt sech d'Blat elo ëmzedréinen.

Déiwe Loftdrock um Atlantik verantwortlech

Wéi am Wochenausbléck jo schonn betount, gëtt et am Laf vun der Woch ëmmer méi onbestänneg. De Grond dofir ass deen, dass sech iwwert dem Atlantik eng grouss Zon mat déiwem Loftdrock etabléiere wäert. An eisem Fall zitt sech dës Zon vu Portugal aus bis ganz erop a Richtung Skandinavien. Zur selwechter Zäit hu mir iwwert dem ëstleche Kontinent héije Loftdrock leien, dat selwecht gëllt och fir de Mëttelmierraum. Duerch dës Konstellatioun gerode grouss Deeler vum europäesche Kontinent erëm ënnert den Afloss vu méi waarme Loftmassen, déi hiren Uersprong an Afrika hunn.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag fir Enn der Woch/Ufanks nächster Woch | Grafik: wxcharts.com

Well d’Modeller dësen Zenario elo ëmmer méi fréquent a mat enger gréisserer Sécherheet berechnen, gi mir an dësem Artikel méi genee drop an.

D’Auswierkungen

Wat d’Temperaturen ugeet sinn an eise Géigenden an och a Frankräich nach keng gréisser Temperaturdifferenzen ze erwaarden. Iwwer Spuenien dogéint ginn de Moment an och an de nächsten Deeg weiderhin tëscht 25 an 30 Grad als Maximum erreecht. Esou richteg a Gang kënnt eis Wiermt-Schëpp eréischt vum Samsden resp. Sonnden un. Iwwert dem südleche Frankräich klammen d’Temperaturen erëm op bis zu 26 Grad, um Sonnde bis 27 Grad. Des Well un héijen Temperature wandert mat den eenzelne klengen Déifdrockgebitter, déi jo un déi gréisser Déifdrockzon gebonne sinn, a Richtung Norden a Nordosten.

Dës Beweegung bewierkt also, dass och bei eis zu Lëtzebuerg d’Temperature klammen. De Samsde sinn aus aktueller Siicht gesinn tëscht 14 an 18 Grad ze erwaarden, de Sonnden änlech – et deet sech also nach net all ze vill. De Méinde kënnt d’Gebitt mat de méi waarme Loftmassen awer schonn méi wäit an eis Géigende virun, dem europäesche Modell no wieren erëm bis zu 22 Grad méiglech. Och um Dënschde wier et mat 19 Grad alles anescht wéi kill an definitiv ze waarm fir d’Joreszäit.


Eng markant Temperaturanomalie op 2 Meter Héicht géif sech bei Antreffe vum Szenario duerchsetzen | Grafik: wxcharts.com

Fir de selwechten Zäitraum, also bis den Dënschde, bleiwen d’Temperaturen am südleche Frankräich bei tëscht 25 a 27 Grad, deels esouguer bis zu 28 Grad. Iwwert de mëttleren Deeler vu Frankräich pendle sech d’Temperaturen tëscht 20 a 24 Grad an.

Vun engem wierkleche Comeback vum “Summer” kann een also héchstens an Deeler vu Frankräich schwätzen. Bei eis zu Lëtzebuerg gëtt et am Fall vun dësem Zenario zwar och däitlech ze waarm fir d’Joreszäit, mee vu summerlechen Temperature si mir wäit fort. Per Definitioun gëllt en Dag eréischt bei enger Temperatur vun op mannst 25 Grad als Summerdag.