Ëmstellung: Ët gëtt wanterlëch

De Weekend ass ët souwäit. Wéi den Dënschden ugekënnëgt wärten muer um Samsden polar Loftmassen an eis Géigenden zéien, wouduerch ët däitlech méi kaal gëtt. Wanterlëch Konditioune sinn also an Zäit vun de nächsten Deeg méigleg.

Vu Frascht bis Schnéischaueren

De Moment kann een nach nët vum grousse Wanterabroch ausgoen, well d’Berechnungen, waat de Schnéi ugeet, sëch nach nët eenëg sinn. Trotzdem wärt et an de nächsten Deeg lokal vir Flacken oder Schnéischaueren duergoen.

Bis muer (Samsden) de Mëtten wärt ët nach mëll sinn, vum Nomëtten un gëtt ët duerch de Loftmassewiessel méi kaal. Am Norden ginn d’Temperaturen op 2 Grad zréck, am Süden op 5 Grad. Ënner Ëmstänn kann ët op de Koppe mol zu Flacke kommen, daat virun allem am Nomëtten oder um Owend. Och an der neier Woch bleift ët den aktuelle Berechnunge no kaal, soudass ët och do zäitweis zu Schnéischauere komme kéint. Dëst ënner Ëmstänn och am Süden. Dozou wärten awer nach weider Updates nokommen.

Virun allem an de Nuets- a Moiesstonnen ginn d’Temperaturen bis op de Gefréierpunkt oder drënner zréck. Soumadden kann ët also verbreet zu Buedemfrascht oder och zu glaate Stroosse kommen.

Weidere Verlaaf

Um Ensemble ass däitlech ze erkennen, wéini den Temperaturstuerz kënnt. Wéi een ët de verschiddene Memberen (Linnen) ofgesi kann, schéngt et zimmlech sëcher ze sinn, dass dës Wiederlaag iwwert eng méi laang Zäit unhaale kann. Daat mat glaate Stroossen, Schnéi a niddrëgen Temperaturen.


Grafik: meteociel.fr