Wéi mir wëssen, stellt sech eis Wiederlag ëm. Doduerch kënne verschiddene Modeller no a nächster Zäit erëm gréisser Reenzommen erofkommen. Mir kucken eis dat mol un.
Advertisement
Steet eis erëm eng méi naass Phas un?
De Modeller no ka sech op d’mannst mol a Richtung Enn der Woch eng quasi-Westwiederlag bei eis duerchsetzen – also eng änlech Wiederlag, déi an de leschten zwee Méint fir de ville Reen bei eis verantwortlech war. Et wäert zwar dës Kéier net nach eng Kéier esou vill reenen, mee et war awer eng westlech Stréimung ënnert där mir louchen. Och bis an déi nächst Woch eran wier dëst eng Optioun.
De Verlaf
Datumer mat nennenswäertem Nidderschlag dës Woch sinn op alle Fall muer den Dënschden, d’Nuecht op de Freiden, de Samsdenowend a méiglecherweis och de Sonnden. Och de Méinden an en Dënschde vun der nächster Woch gesinn zimmlech naass aus.
Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no reent et bis de Sonnden inclus ëm 30 bis 40 l/m² an der Südhallschent, am Norde kraze mir un de 50 l/m². Den europäesche Wiedermodell gesäit dat ganzt e bësse méi “entschäerft”, tëscht 25 an 30 l/m² kënnen et am Süde ginn a punktuell bis 45 l/m² am Nordweste vum Land. Den däitsche Modell rechent héchstens ëm 30 l/m², iwwerdeems de Swiss-MRF vum Kachelmann tëscht 40 a 50 l/m² op eis duerkomme gesäit, a Richtung äusserste Südwesten kéinten awer och 60 l/m² net ausgeschloss ginn.
Wat heescht dat elo am Kloertext? Et kann een dovun ausgoen, dass bis e Sonnden inclus op alle Fall tëscht 30 a 50 l/m² kënnen optrieden. Dat ass net grad näischt, wann ee bedenkt, dass et an engem Dezember duerchschnëttlech 89,5 l/m² zu Lëtzebuerg reent.