En äisege Moien: Dat waren déi nidderegst Temperaturen

An engem Wanter ass et kal, an awer beweege mir eis de Moment an engem däitlech ënnerduerchschnëttleche Beräich fir d'Joreszäit. Mir kucken eis déi keelst Plazen aus der Nuecht resp. haut de Moien un.

Béiwen als keelste Wiederstatioun

Mir bezéien eis op d’Donnéeë vu Wiederstatiounen, déi der Norm no moossen. Dowéinst picke mir eis der aus dem Netz vum Kachelmann esouwéi och der ASTA eraus. Am ganze Statiounsnetz war et néierens méi kal wéi zu Béiwen beim Stauséi.

  • Béiwen: -11,5°C
  • Schëmpech (ASTA): -11,3°C
  • Ueschdref (ASTA): -11,2°C
  • Käerch (ASTA): -10,6°C
  • Breedelt (ASTA): -10,2°C

Donnéeë: Kachelmannwetter, AgriMeteo (ASTA) | 13. Dezember 2022

Déi nächst Nuechte bleiwe kal, zumools déi op den Donneschde kéint nach eng Kéier e Konkurrent ginn. Duerno sollten d’Wäerter dann awer lues a lues klammen.