
Eppes grousses gëtt et net, mee fir déi éischt Kéier an dësem meteorologesche Fréijoer iwwerlappe sech verschidde Parameter, duerch déi et mol an eiser Groussregioun kann dimmeren.
Advertisement
Loftmassegrenz um Dënschden
Muer um Dënschde läit en Déifdrockgebitt iwwer Spuenien, en anert iwwert der Nordséi. Dat iwwert der Nordséi transportéiert kill Loftmassen a Richtung West- a Mëtteleuropa, iwwerdeems dat iwwer Spuenien méi mëll Loftmassen aus Südeuropa entgéintdréckt. Aus dëser Konstellatioun ergëtt sech eng Loftmassegrenz, déi sech am Laf vum Dag vun der Belsch aus a Richtung Nordfrankräich beweegt. Zumools op der mëller Säit vun dëser Grenz, also iwwer Nordostfrankräich an Deeler vum Weste vun Däitschland, ka sech eng liicht Instabilitéit opbauen, aus där e puer Schaueren mee och mol en eenzelt Donnwieder kann ervirgoen.

D’Haaptgeschéie spillt sech de momentane Modellleef vum Nomëtten un haaptsächlech iwwer Nordostfrankräich, Deeler vu Baden-Württemberg, dem Saarland, Rheinland-Pfalz an deels och nach Hessen of. Lëtzebuerg läit um westleche Rand, wat et awer net automatesch ausschléisst, dass et och bei eis mol zu engem kuerzen Dimmer ka kommen. Et ass awer wichteg ze betounen, dass keng grouss Nummer usteet – et ass op kee Fall mat Intensitéite wéi am Summer ze rechnen. An éischter Linn kann et ënnert de markantste Schaueren oder Dimmeren zu kräftegem Reen kommen.