En Dënschden: Roum & Katalonien erliewen de wäermsten Dag zanter Opzeechnungsufank

Et geet weider mat de Rekorder ronn ronderëmt d’Nordhallefkugel, dës Kéier dobäi: Roum an den äusserste Nordoste vu Spuenien.

Titelbild: DWD-Meteorolog Adrian Leyser (@TheNimbus) op Twitter

Advertisement

Südeuropa ënnert engem Heat Dome

Déi immens Hëtzt iwwer Südeuropa setzt sech fort a beweegt sech an de nächsten Deeg weider an déi méi ëstlech geleeë Géigenden. Europa ass awer net den eenzeg betraffene Kontinent, am Westen a Süde vun den USA esouwéi och a China goufe bis ewell nei Allzäit-Rekorder opgestallt.

Wat d’Rekorder ugeet ass elo och Europa drun. An der italienescher Haaptstad Roum sinn en Dënschden Maximaltemperature vun 41,8°C gemooss ginn, e puer Quelle no esouguer 42,9°C. Egal op wéi ee Wäert ee sech bezitt, e Rekord ass et sécher. Den ale Rekord geet op d’lescht Joer zréck, 40,7°C goufen deemools als Maximaltemperatur registréiert.

Zu Figueres an der Provënz Girona am Nordoste vu Spuenien ass mat 45,3°C e weideren Allzäit-Temperaturrekord opgestallt ginn. Déi héchst Temperatur, dé bis ewell an Europa gemooss gouf, waren 48,8°C – gemooss op Sizilien. Der World Meteorological Organization no wier et net ausgeschloss, dass och dëse Rekord nach wärend der momentaner Hëtztwell kéint gebrach ginn.


Wat ass en Heat Dome? | Grafik: Washington Post

Dës immens Hëtzt entsteet duerch e sougenannten “Heat Dome”. Liicht erkläert kann ee sech dorënner en Deckel vun engem Kachdëppen virstellen, ënnert dem d’Hëtzt net kann auswäichen. D’Konsequenz ass eng immens dréche Loftmass, déi och d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi staark aschränkt. Et ass also net nëmme mat enger enormer Hëtzt ze rechnen, mee och mat enger ëmmer méi staarker Dréchent & der Gefor vu Bränn. Dat heescht also och, dass a verschiddene Géigenden déi souwisou schonn bestoend Dréchent weider verstäerkt gëtt.

En Heat Dome ass keng Hëtztwell wéi mir se kennen. Wa mir heiheem vun enger Hëtztwell schwätzen, da versti mir doduerch en immens waarme Floss vun héichsummerleche Loftmassen, deen säi Wee aus Afrika oder Spuenien op Lëtzebuerg fënnt. D’Hëtzt kënnt also iergendwou hier. Där Heat Domes ginn et de Moment dräi Stéck op der Äerd.


Dräi simultan Heat Domes iwwert de Globus verdeelt | Grafik: DWD via Adrian Leyser op Twitter

Bei engem Heat Dome entsteet d’Hëtzt méi oder manner ënnert dem Héichdrockgebitt selwer, se ass also souzesoen “hausgemaach”. D’Loftmassen, déi ënnert der riseger Héichdrock-Glack gefaange sinn, gi beim erofdrécken op de Buedem (dowéinst iwweregens Héichdrockgebitt) zousätzlech erwiermt – also kompriméiert.


D’Trajectoiren déi déi immens breetäermeg Stréimung vum Héichdrockgebitt weisen | Grafik: DWD via Adrian Leyser op Twitter

Dës Grafik weist den Trajectoir vun de Loftmassen – gutt ze erkennen ass d’Héichdrockgebitt (duerch de Kréngel am Auersënn) an domat och, wéi d’Loftmassen ënnert dëser immens grousser Stréimung “gefaange” sinn. Zentrum vun der Zirkulatioun ass der Grafik no de südwestlechsten Deel vu Sizilien, also matten iwwert dem Mëttelmier. Dat heescht, dass sech op dëse Punkt konzentréiert och d’Hëtzt verschäerft, eben duerch d’Kompriméierung vun de Loftmassen.

Original-Tweet vum DWD-Meteorolog Adrian Leyser hei:

Schonn de Juni 2023 war e globale Rekord-Mount

De Juni 2023 war de wäermste Juni zanter Opzeechnungsufank. Gäre gëtt doran awer mëssverstanen, dass et sech ëm global Moyennen handelt. Dass et bei Iech doheem also gutt gemittlech lëfteg bei 23 Grad ass, widderleet net, dass de Juni 2023 e globale Rekord opgestallt huet.

Hei d’Oplëschtung vun de wäermste Juni-Méint, Donnéeën vun der NASA:

  • 1. 2023
  • 2. 2022
  • 3. 2020
  • 4. 2019
  • 5. 2021
  • 6. 2015
  • 7. 2016
  • 8/9. 1998 & 2018
  • 10. 2017

Folgend Grafik weist, wéi sech all d’Méint global zanter 1880 a Saachen Temperaturen entwéckelt hunn. Den Trend ass e ganz däitlechen:


Donnéeën: NASA, Grafik via @scottduncanwx op Twitter

Hei de ganzen Thread op Twitter, inklusiv de Grafiken wéi sech d’Junien zanter 1880 entwéckelt hunn: