Vun engem Summerdag schwätzt een, wann d’Lofttemperatur 25 Grad erreecht – an dat war gëschter plazeweis de Fall.
Vum fréijoersméissegen direkt an de fréisummerleche Beräich
Et war gewosst, dass den Donneschden de wäermsten Dag vun der Woch gëtt. Bei virausgesoten 22 Grad um Mëttwochowend hate sech d’Modeller kuerzfristeg dozou ëmentscheed, déi éischt fréisummerlech Temperaturen ze berechnen.
Am Südoste vum Land war et en Donneschden am wäermsten. D’Wiederstatiounen hunn am Allgemengen Héchstwäerter vun tëscht 23 a knapp 25 Grad gemooss. Déi wäermst Statioun war d’ASTA-Statioun zu Réimech mat engem Wäert vu 24,9 Grad, hannendru kënnt d’Statioun zu Trënteng (och ASTA) mat 24,6 Grad. Zu Gréiwemaacher si 24,3 Grad gemooss ginn. Dëst sinn zwar alles fréijoersméisseg Temperature – mee et ass op d’mannst un de genannte Statioune nëmme ganz knapp net fir e Summerdag duergaangen.
Anescht awer un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Ettelbréck, wou 25,1 Grad erreecht goufen. D’Noperstatioun vun der ASTA, och zu Ettelbréck situéiert, war mat engem Ënnerscheed vu bal 2 Grad present: 23 Grad si gemooss ginn. D’ASTA-Statioun vu Bettenduerf war mat 23,8 Grad dobäi, mee och zu Béiwen beim Stauséi war et mat 23,5 Grad zimmlech waarm.